Grouss Séien (Nordamerika)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat de Grousse Séien an Nordamerika. Fir déi an Afrika, kuckt wgl. Grouss Séien (Afrika).
Kaart vun de fënnef grousse Séien an Nordamerika

Déi Grouss Séien, op englesch Great Lakes an op franséisch Grands Lacs genannt, sinn eng Rei Séisswaasserséien an Nordamerika op der Grenz tëscht Kanada an den USA, déi duerch verschidde Waasserweeër an de Saint-Laurent-Floss mam Atlanteschen Ozean verbonne sinn. Déi fënnef Séien, de Lake Superior, de Michiganséi, den Huronséi, den Erieséi an den Ontarioséi sinn déi gréisst Grupp vu Séisswaasserséien op der Äerd. Si enthalen 21 % vun de weltwäite Séisswaasserressourcen.

D'Séien hunn eng total Fläch vun 244.106 km² a sinn domat ongeféier sou grouss wéi Groussbritannien. An hinne leien ëm déi 35.000 Inselen, woubäi Manitoulin déi gréisst Banneséiinsel op der Welt ass.[1]

Daten iwwer d'Grouss Séien[2] (Zuele sinn op- an ofgerënnt)
Lëtzebuergeschen Numm Engleschen Numm Franséischen Numm Fläch Waasservolume Duerschnëttsdéift Maximaldéift
/ Lake Superior Lac Supérieur 82,100 km2 12,100 km3 147 m 406 m
Michiganséi Lake Michigan Lac Michigan 58,000 km2 4,900 km3 85 m 282 m
Huronséi Lake Huron Lac Huron 59,600 km2 3,500 km3 59 m 229 m
Erieséi Lake Erie Lac Érié 25,700 km2 480 km3 19 m 64 m
Ontarioséi Lake Ontario Lac Ontario 19,000 km2 1,600 km3 86 m 244 m

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Tom Bennett - State of the Great Lakes: 1997 Annual Report (Februar 1999; gekuckt den 22. Oktober 2013)
  2. United States Environmental Protection Agency: Great Lakes: Facts and Statistics (gekuckt den 22. Oktober 2013)