Séisswaasser

Vu Wikipedia

Séisswaasser ass am Géigesaz zu Salzwaasser a Brackwaasser deen Deel vum Waasser, dee fräi verfügbar ass (also net z. B. a Planze gebonnen ass) an an deem keng oder nëmme wéineg Salzer geléist sinn.

Salzaarmt Waasser, mat enger Salinitéit vun ënner 0,1 %, gëtt onofhängeg vum Aggregatzoustand als Séisswaasser bezeechent: Och Äis ass Séisswaasser, et ass souguer de gréissten Deel vum Séisswaasser op der Äerd.

Déi gréisst Séisswaasservirkommen op der Äerd sinn, zu Äis gefruer, an de Gletschere vun den zwou Polarregiounen. Donieft gëtt et natierlech och Séisswaasser a Form vu Baachen, Flëss a Séien op der Äerd, souwéi - erëm an Äisform - an de Gletscheren a schnéibedeckten Héichte vun de Bierger. Och Wolleken a Reen si Séisswaasser. Den Deel vum Séisswaasser um Waasservirkommen op der Äerd läit bei 2,6-3 %.

An der Séifaart gëtt dat gebunkert Séisswaasser Frëschwasser genannt.

2003 gouf vun der UNESCO zum Joer vum Séisswaasser erkläert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Séisswaasser – Biller, Videoen oder Audiodateien