Wollek

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Weather template.png Dëse Meteorologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Cumulus-Wolleken

Eng Wollek entsteet, wa Waasserdamp an der Loft sou héich an den Himmel kënnt, datt en ofkillt an zu klenge Waasserdrëpsen kondenséiert gëtt oder zu klengen Äiskristallen erstarrt.

D'Waasser-Äis-Verhältnes hänkt dovun of, wéi héich d'Wollek an den Himmel klëmmt. Wat d'Wollek méi héich kënnt, wat d'Temperatur méi niddreg gëtt.

Et gëtt vill verschidde Wollekenaarten, déi dräi Haapttype sinn: d'Cirrus-Wolleken, d'Cumulus-Wolleken an d'Stratus-Wolleken. Jee no Héicht ginn dës an zéng Kategorien agedeelt.

Anomalien an extraterrestresch Wolleken[änneren | Quelltext änneren]

Anomalie sinn ongewéinlech Wolleken, déi dem klassesche Modell widderspriechen. Dozou gehéieren zum Beispill Polar Stratosphärewolleken a liichtend Nuetswolleken.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wolleken – Biller, Videoen oder Audiodateien