Grouss Séien (Afrika)
Ausgesinn
Dësen Artikel beschäftegt sech mat de Grousse Séien an Afrika. Fir déi an Nordamerika, kuckt wgl. Grouss Séien (Nordamerika). |
Dëse Geographiesartikel iwwer Afrika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Déi Grouss afrikanesch Séie sinn e System vu Séien an Ostafrika, déi u verschidde Länner grenzen, haaptsächlech u Burundi, d'Demokratesch Republik Kongo, Uganda a Ruanda.
Se leien an Nord-Süd-Richtung am ëstlechen Deel vum afrikanesche Kontinent, ongeféier tëscht dem 30. a 35. Meridian, op der Héicht vum Equator, tëscht 5° Nord a 15° Süd.
Séi | Fläch [km²] | Max. Déift [m] | Leeft an … | Gehéiert zu … |
---|---|---|---|---|
Victoriaséi1 | 68.100 | 83 | Nil | Kenia, Tansania, Uganda |
Tanganjikaséi | 32.900 | 1.433 | Kongo | Burundi, Demokratesch Republik Kongo, Sambia Tansania |
Malawiséi | 30.900 | 706 | Sambesi | Malawi, Mosambik, Tansania |
Turkanaséi | 6.405 | 109 | ouni Offloss | Ethiopien, Kenia |
Rukwaséi2 | 5.760 | 5 | ouni Offloss | Tansania |
Albertséi1 | 5.270 | 51 | Nil | Demokratesch Republik Kongo, Uganda |
Mweruséi | 5.120 | 27 | Kongo | Demokratesch Republik Kongo, Sambia |
Kiwuséi | 2.700 | 485 | Kongo | Demokratesch Republik Kongo, Ruanda |
Eduardséi1 | 2.150 | 117 | Nil | Demokratesch Republik Kongo, Uganda |
Kyogaséi | 1.720 | 5,7 | Nil | Uganda |
* 1: Deelweis gëtt just de Viktoria-, den Albert- an den Eduardséi zu de Grousse Séie gezielt, well se déi eenzeg sinn, déi an de Wäissen Nil fléissen.
* 2: De Rukwa- a Mweruséi leien zwar a der Géigend vum Tanganjikaséi a si méi grouss wéi den Eduardséi, zielen awer meeschtens net derzou.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Grouss Séien (Afrika) – Biller, Videoen oder Audiodateien |