Kiwuséi

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kiwuséi
LakeKivu satellite.jpg
Land Demokratesch Republik Kongo,
Ruanda
Geographie
Koordinaten 02° 03’ 44’’ S
      29° 07’ 24’’ O
Origine Natierleche Séi
Fläch 2.700 km²
Déift (Maximum) 475 m
Héicht. i. M. 1.463 m
Längt 89 km
Breet 48 km
Volumen 500 km³
Hydrographie
Zoufloss Kalundura
Ausfloss Rusizi


De Kiwuséi oder Kivuséi ass e Séi an Zentralafrika, op der Grenz tëscht Ruanda an der Demokratescher Republik Kongo.

E läit am westlechen Aarm vum Ostafrikanesche Rift, südlech vun de Virunga-Vulkaner an nërdlech vun der Provënzhaaptstad Bukavu.

Vum Ruanda-Héichland erof leeft de Kalundura dran, am Süde gëtt de Séi iwwer de Rusizi an den Tanganjikaséi entwässert.

De Kiwuséi huet eng Fläch vun ca. 2.700 km² (eppes Klengs méi wéi Lëtzebuerg) an ass bis zu 480 m déif.

Déi wichtegst Insel ass Idjiwi, déi zu der Demokratescher Republik Kongo gehéiert. D'Insel Iwawa läit a Ruanda an ass, well se militäresch genotzt gëtt, net fir de Public zougänglech.

Besonnesch um Séi ass et, datt, wat ee méi déif geet, wat d'Temperatur an de Salzgehalt eropginn. De Grond dofir si vulkanesch Quellen um Fong. Ennen am Séi ass och eng héich Konzentratioun u geléiste Gasen (et gëtt geschat, datt et eng 225 km³ Kuelendioxid (CO2) an zesummen eng 75 km³ Methan (CH4) a Schwiefelwaasserstoff (H2S) sinn. D'Siedegung läit Enn vun den 2010er Jore bei ronn 55 % vun der maximaler Siedegung, ma et gëtt gefaart, datt, wa se weider an d'Luucht geet, iergend eng Kéier virum Enn vum 21. Joerhonnert et zu engem Ausbroch kéim, bei deem d'Leit um Uwänner erstécke kéinten. Bis zu 2 Millioune Leit kéinten dovu betraff ginn.

Zanter den 2010er Jore sinn zwou Firmaen dermat beschäftegt, Methan ze rekuperéieren, fir a Kraaftwierker Stroum ze produzéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kiwuséi – Biller, Videoen oder Audiodateien