Jacques Cartier

Vu Wikipedia
Jacques Cartier
Gebuer 31. Dezember 1491 jul.
Saint-Malo
Gestuerwen 1. September 1557 jul.
Saint-Malo
Doudesursaach Pescht
Nationalitéit Kinnekräich Frankräich
Aktivitéit Explorateur, Erfinder, Séimann, Politiker

De Jacques Cartier, gebuer 1491 zu Saint-Malo a och do gestuerwen den 1. September 1557, war e franséischen Entdecker a Kolonisator.

Mat sengen Entdeckungsfaarten am spéidere Kanada an éischte Siidlungsversich gëllt de Jacques Cartier als Grënner vum franséische Kolonialräich an Nordamerika.

Op der Sich no engem nordwestleche Séiwee an Asien huet hien 1534 d'Insel Neifundland entdeckt a si zum Besëtz vu Frankräich erkläert. Hien huet d'Küst vu Labrador erfuerscht an ass op senger zweeter Rees de Sankt-Lorenz-Stroum eropgefuer well hie gehofft huet een Aarm vum Mier fonnt ze hunn, deen eng Duerchfaart no Westen an de Pazifik erlabe géif. Ausserdeem hunn d'Erzielunge vu gefaangenen Indianer hie gleewe gedo, datt hien um Wee an e Land wier, wou et vill Gold géif ginn.

De Jacques Cartier ass nëmme bis bei déi gutt verdeedegt Irokesen-Uertschaft Hochelaga komm an hien huet an der Géigend vum haitege Montréal säi Wanterlager opgeschloen. De Skorbut huet seng Mannschaft staark deziméiert a sou ass hien 1536 a Frankräich zeréckkomm wou hien d'Noriicht vun der Existenz vun de groussen amerikanesche Séie verbreet huet.

Op senger drëtter a leschter Faart (1541) huet hie franséisch Siidler mat an d'Gebitt vum Sankt-Lorenz-Stroum geholl, deen hie schonn 1536 mat den Nopeschgebidder fir d'franséisch Kroun a Besëtz geholl hat. Déi éischt Kolonialstatioun vun där Géigend huet net laang gedauert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jacques Cartier – Biller, Videoen oder Audiodateien