Toronto

Vu Wikipedia
D'Skyline vun Toronto

Toronto (engl. [təˈɹɒn(t)oʊ̯], och alt [təˈɹɒnə] oder [ˈtɹɒnoʊ̯] ausgeschwat) ass d'Haaptstad vun der Provënz Ontario a mat ronn 2,6 Milliounen Awunner déi gréisste Stad a Kanada. Si läit am sougenannte Golden Horseshoe (Gëllent Houfeisen), eng Regioun mat iwwer 8,1 Milliounen Awunner, déi sech an engem Hallefkrees ronderëm de westleche Wupp vum Ontarioséi bis bei d'Niagarafäll zitt.

Toronto huet eng Fläch vu 630,18 km². Enn vun den 1990er Jore goufen eng Rëtsch Nopeschgemenge mat Toronto fusionéiert. D'Greater Toronto Area, d.h., och nach d'Nopeschregioune mat, hat 2010 iwwer 6,2 Milliounen Awunner. D'Stad ass den ekonomeschen Zentrum vum Land an och weltwäit eng vun de gréisste Finanzplazen.

Toronto läit um nordwestlechen Uwänner vum Ontarioséi, deem klengste vun de fënnef Grousse Séien. Am Weste vun der Stad leeft den Humber River, ëstlech vun der Downtown, op der anerer Säit vum Hafen, den Don River. Ausserdeem lafen eng Rëtsch Baachen a Flëss vun Norden hier duerch d'Stad an den Ontarioséi, déi zum Deel déif Schluchten an de Buedem gegruewen hunn.

Zënter dem 1. Januar 1998 ass Toronto administrativ a sechs Gemengen ënnerdeelt: Old Toronto (sengersäits an Downtown Core (Central), North End, East End, a West End agedeelt), North York, Scarborough, Etobicoke, York an East York. Déi Gemenge sinn an am Ganzen 140 Quartiern (engl.: neighbourhoods) a 44 administrativ Bezierker (wards) ënnerdeelt.

Toronto huet no New York déi meeschten Héichhaiser an Nordamerika. Markant ass de Canadian National Tower, kuerz CN Tower, deen 1976 fäerdeggebaut gouf, a mat 553 Meter bis 2009 deen héchsten Televisiounstuerm vun der Welt war. E gëtt vu ronn 2 Millioune Leit am Joer besicht, uewenop ass e Panorama-Dréirestaurant, a ganz uewen eng Ausiichtsplattform.

Den Numm kënnt aus der Sprooch vun de Wyandot, en Indigeent Vollek, dat sech no der Äiszäit do ugesiddelt hat: Si hunn déi Plaz Tarantua genannt, wat esouvill heescht wéi Plaz, wou Beem beim Waasser stinne a méi spéit Plaz wou een zesummekënnt.

Als éischt Europäer hu 1750 franséisch Händler do e sougenannte Fort Rouillé opgeriicht, deen awer schonn 1759 nees ofgerappt gouf. Wärend dem Amerikaneschen Onofhängekeetskrich si vill brittesch Sidler an d'Regioun komm. 1787 huet, am sougenannten Toronto Purchase, d'brittesch Monarchie der Mississaugas of the New Credit First Nation 101.528 Hektar Land, do wou haut Toronto ass, géint 140 Faass Wueren an 1700 Pond Sterling ogetosch. Dësen Handel gouf 1805 neess réckgängeg gemaach.

1793 huet de brittesche Gouverneur Simcoe en neit Fort baue gelooss, dat e "York" genannt huet. 1797 gouf York d'Haaptstad vun Upper Canada. Den George IV. huet 1827 de King's College (haut University of Toronto) gegrënnt. Fir datt et net mat New York sollt verwiesselt ginn, gouf York de 6. Mäerz 1834 an "Toronto" ëmgenannt.

Wéi den 1. Juli 1867 déi Kanadesch Konfederatioun a mat hir d'Provënz Ontario gegrënnt gouf, gouf Toronto där hir Haaptstad. An der Industrieller Revolutioun huet Toroto sech schëtzeg entwéckelt, an an den 1950er Joren huet seng Awunnerzuel d'Milliounegrenz iwwerschratt.

Den John Tory ass Buergermeeschter (Stand 2015).

360-Grad-Vue vum CN Tower
900px


Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • A. Rodney Bobiwash: The History of Native People in the Toronto Area. An Overview, in: Frances Henderson, Heather Howard-Bobiwash (Hg.): The Meeting Place. Aboriginal Life in Toronto, Native Canadian Centre of Toronto, Toronto 1997, S. 5–24 ISBN 978-0-9682546-0-8.
  • Derek Hayes: Historical Atlas of Toronto, Douglas & McIntyre 2008, ISBN 978-1-55365-290-8.
  • Key Porter Books Limited (Hrsg.): Toronto: A City Becoming, Key Porter Books 2008, ISBN 978-1-55263-949-8.
  • Sean Stanwick, Jennifer Flores: Design City Toronto, Academy Press 2007, ISBN 978-0-470-03316-6.
  • E. R. A. Architects: Concrete Toronto, Univ. of Chicago Press 2007, ISBN 978-1-55245-193-9.
  • Ronald F. Williamson: Toronto: A Short Illustrated History of Its First 12,000 Years, James Lorimer & Company Ltd., 2008, ISBN 978-1-55277-007-8.
  • Julie-Anne Boudreau, Roger Keil, Douglas Young: Changing Toronto Governing Urban Neoliberalism, University of Toronto Press 2009, ISBN 978-1-4426-0133-8.
  • Detlev Ipsen: Toronto – Migration als Ressource der Stadtentwicklung, Universität Kassel 2005, ISBN 978-3-89117-152-3.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Toronto – Biller, Videoen oder Audiodateien