Niagarafäll

Vu Wikipedia
Vue vum Skylon Tower op d'Niagarafäll.
D'Horseshoe Falls.
D'American Falls (lénks) an d'Bridal Veil Falls (riets).

D'Niagarafäll (en.: Niagara Falls [naɪˌæɡ(ə)ɹəˈfɔːlz]) si Waasserfäll vum Niagara River op der Grenz tëschent dem US-amerikanesche Bundesstaat New York an der kanadescher Provënz Ontario.

Niagara Falls heeschen och déi zwou Stied Niagara Falls am Bundesstaat New York an Niagara Falls am Ontario, op den zwou Säite vum Floss.

Den Niagara River verbënnt den Erieséi mam Ontarioséi. Bei den Niagarafäll fält e 57 Meter an d'Déift. D'Inselen Luna Island a Goat Island deelen d'Waasserfäll an dräi: D'American Falls an d' Bridal Veil Falls op der amerikanescher Säit, an d'Horseshoe Falls ("Houfeisefäll"), duerch deen d'Grenz tëscht den USA a Kanada geet. D'American Falls hunn e Bord vun 260 m, d'Horseshoe Falls vu 670 m, an d'American Falls tëscht 21 a 34 m.

Fir d'Schëfffaart gouf den 43 km laange Wellandkanal ugeluecht, fir mat 8 Schleisen den Niveausënnerscheed z'iwwerwannen.

An der Moyenne huet den Niagara-River en Debit vu 5750 m³/s, wouvun daagsiwwer op d'mannst 2832 m³/s (tëscht engem Véirel an der Hallschent) d'Waasserfäll erofginn. Nuets ass den Debit vun de Fäll 1416 m³/s well en Deel vum Waasser mat hëllef vun engem Wier, dem International Control Dam an d'Stauséie vun de Sir Adam Beck Hydroelectric Generating Stations a vun der Robert Moses Niagara Power Plant ëmgeleet gëtt, fir Stroum ze produzéieren.

Mat iwwer 18 Millioune Visiteuren am Joer sinn d'Niagarafäll eng vun de populäersten Touristenattraktiounen an Nordamerika.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Niagarafäll – Biller, Videoen oder Audiodateien