South Dakota

Vu Wikipedia
South Dakota
(Detailer) (Detailer)
Spëtznumm: The Mount Rushmore State

Lëscht vun alle Bundesstaaten
Haaptstad: Pierre
Gréisst Stad: Sioux Falls
Gouverneur: Kristi Noem
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 17. Plaz
199,729 km²
1,7 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 46. Plaz
886.667 (2020)[1]
4,52/km²
Opgeholl als Memberstaat: 2. November 1889 (40ten)
Zäitzon: UTC-7/-6/-5

De South Dakota ass e Staat an de Great Plains an am Mëttlere Weste vun den USA.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De South Dakota grenzt am Norden un den North Dakota, am Süden un den Nebraska, am Osten un den Iowa an un de Minnesota an am Westen un de Wyoming an de Montana. Den héchste Punkt ass den Harney Peak mat enger Héicht vun 2.207 Meter. Den déifste Punkt läit op 294 m um Ufer vum Big Stone Lake. De gréissten a längste Floss ass de Missouri River, deen de Staat an eng geographesch a gesellschaftlech ënnerschiddlech ëstlech a westlech Hallschent deelt.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

2015 gouf geschat, datt iwwer 858.000 Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 85,5 % als wäiss Amerikaner, 8,9 % als Indianer, 3,6 % als Hispanic/Latino, 1,8 % als Afroamerikaner, 1,4 % als asiatesch identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn[1].

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

Obwuel d'Landwirtschaft am South Dakota traditionell eng wichteg Roll spillt, sinn d'Déngschtleeschtungen haut de gréisste wirtschaftleche Secteur am Land. Dorënner falen ënner anerem den Eenzelhandel, d'Finanzen an d'Gesondheetszerwisser. Och den Tourismus ass e wichtege Secteur.

D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 50.338 US-Dollar pro Stot a 26.311 USD op de Kapp[1].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: South Dakota – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 census.gov: QuickFacts: South Dakota