Kontinent
D'Wuert Kontinent (vum laténgeschen (terra) continens) heescht "Land, dat zesummenhänkt". D'Kontinenter op der Äerd maachen am Ganzen nëmmen 29 Prozent vun der Äerduewerfläch aus. Zum Kontinent gehéiert déi grouss zesummenhängend Landmass wéi och dee vu relativ flaachem Mier bedeckte Kontinentalsockel an deen zum Déifmier offalende Kontinentalhang.
Déi baussenzeg Schuel vun eiser Äerd ass an eenzel Placken zerbrach. Déi Placken droen d'Kontinenter an d'Mieresbiedem a schwammen um plasteschen Deel vum Äerdmantel. Deen ass dauernd a Beweegung, wouduerch d'Placke kollidéieren oder sech verkropen. D'Folleg si Vulkanausbréch, Äerdbiewen a Biergbildungen.
Entsteeung
[änneren | Quelltext änneren]Virun 220 Millioune Joer gouf et just een eenzege grousse Kontinent, de Superkontinent Pangea. Virun 180 Millioune Joer ass Pangea auserneegebrach an d'Tethys-Mier ass entstanen. Den Atlantik fänkt u sech ze bilden an Indien drift no Norden. Virun 10 Millioune Joer sinn d'Antarktis an Australien auserneegebrach. Laurasia zerbrécht wéi den Nordatlantik sech opgemaach huet. Nordamerika kënnt méi wäit vun Europa fort.
Zuel
[änneren | Quelltext änneren]Baséierend op verschiddene Quellen, gëtt et véier verschidde Modeller fir d'Definitioun vun de Kontinenter festzeleeën. D'Encyclopædia Britannica seet, datt Europa an Asien heiansdo als ee Ganzt „Eurasien“ ugesi ginn[1]. Aner Modeller sinn an der follgender Lëscht opgezielt; jee no Modell gëtt et véier bis siwe Kontinenter (ouni d'Mikrokontinenter); historesch ass ee vun zwéin oder dräi Kontinenter ausgaangen.
| 4 Kontinenter[2][3][4]: | ██ Antarktika | ██ ██ Amerika | ██ ██ ██ Eurafrasien | ██ Ozeanien | |||
| 5 Kontinenter[5]: | ██ Antarktika | ██ ██ Amerika | ██ ██ Eurasien | ██ Afrika | ██ Ozeanien | ||
| 5 Kontinenter: | ██ ██ Amerika | ██ Europa | ██ Asien | ██ Afrika | ██ Australien | ||
| 6 Kontinenter[3][4]: | ██ Antarktika | ██ ██ Amerika | ██ Europa | ██ Asien | ██ Afrika | ██ Australien | |
| 6 Kontinenter[1][2]: | ██ Antarktika | ██ Nordamerika | ██ Südamerika | ██ ██ Eurasien | ██ Afrika | ██ Ozeanien | |
| 7 Kontinenter[1][6][7][8][9]: | ██ Antarktika | ██ Nordamerika | ██ Südamerika | ██ Europa | ██ Asien | ██ Afrika | ██ Australien |
| historesche Modell mat
2 Kontinenter |
██ ██ ██ Westfeste | ██ ██ ██ ██ Ostfeste | |||||
| historesche Modell mat
3 Kontinenter |
██ ██ ██ Westfeste | ██ ██ ██ Ostfeste | ██ Südfeste | ||||
Bevëlkerung a Fläch
[änneren | Quelltext änneren]| Kontinent | Populatioun[10]
[Milliounen] (2024) |
Densitéit[11] | % Welt-
populatioun |
Fläch[12]
[km²] |
|---|---|---|---|---|
| ██ Asien | 4.773 | 101,10 | 59,04 | 31.033.131 |
| ██ Afrika | 1.478 | 51,12 | 18,28 | 29.648.481 |
| ██ Europa | 747 | 32,32 | 9,24 | 22.134.710 |
| ██ Nordamerika | 603 | 25,46 | 7,46 | 21.329.947 |
| ██ Südamerika | 437 | 24,56 | 5,41 | 17.461.112 |
| ██ Antarktika | 0 | 0,00 | 13.720.000 | |
| ██ Ozeanien | 46 | 5,43 | 0,57 | 8.486.460 |
D'Besiidlung hänkt vum Klima an de verfügbare Liewensgrondlagen of. Och historesch Grënn hunn zu der ongläicher Verdeelung vun der Weltbevëlkerung bäigedroen. An der Antarktis liewe just heiansdo e puer Fuerscher a Visiteuren. Manner wéi ee Prozent vun der Weltbevëlkerung lieft an Australien an Ozeanien. An Afrika lieft knapp e Fënneftel vun der Weltbevëlkerung, an ëm 10 % jeeweils an Europa an an Amerika. Bal zwee Drëttel liewen an Asien, an do haaptsächlech an Indien a China.
Originne vun den Nimm
[änneren | Quelltext änneren]D'Nimm vun de 6 Kontinenter sinn an hirer ursprénglecher laténgescher Form all weiblech an halen all mat engem <a> op.
- An der Antiquitéit war Afrika (Latäin: Africa) nëmmen den Numm vum haitegen Tunesien, dat d'Réimer esou nom Afri-Stamm ëm Karthago genannt hunn;
- Den däitsche Kartograph Martin Waldseemüller huet 1507 op senger „Waldseemüller-Kaart“ fir d'éischt den Numm Amerika (lat: America) gebraucht fir d'Landmassen am Westen als eegestännege Kontinent ze bezeechnen. Den Numm ass ofgeleet vum Séifuerer Amerigo Vespucci dee kuerz nom Christoph Kolumbus laanscht d'Ostküst vu Südamerika geseegelt ass. Deemools war et nach net kloer, datt et sech ëm zwou verschidde Landmassen handelt, déi nëmmen duerch eng relativ schmuel Landbréck verbonne sinn;
- D'Antarktika (lat: Antarctica) krut den Numm wéinst hirer Lag géintiwwer der Arktis; den Numm kënnt vum Griicheschen ἀνταρκτικός (antarktikos, "géintiwwer der Arktis"). Den Ausdrock ἀρκτις (arktis) kënnt vum griichesche Wuert fir Bier, ἀρκτός (arktos), a bedeit eppes wéi „Land ënnert dem Grousse Bier“;
- Asien (lat: Asia) kënnt vum assyresche Wuert Assu, dat „Sonnenopgang“ oder „Osten“ heescht. Asie gëtt et och an der griichescher Mythologie. Do ass si eng vun den Océaniden an d'Mamm vum Prometheus, vum Atlas a vum Epimetheus. D'Réimer hunn den Ausdrock Asie benotzt fir eng Provënz am Weste vun der haiteger Tierkei ze bezeechnen;
- Australien (lat. Australia) kënnt vum laténgeschen Terra Australis = "südlecht Land";
- D'Originne vum Numm Europa sinn ëmstridden. Den Numm kéint vum griichesche Wuert Erebus ofgeleet gi sinn, dat „däischter“ heescht an sou metaphoresch den Okzident representéiert. Europa kënnt awer och an engem griichesche Mythos vir: do gëtt d'Jongfra Europa vum Zeus (an der Gestalt vun engem Stéier) aus hirer Heemecht Phoenicia entféiert a mat op Kreta geholl.
Partikularitéiten
[änneren | Quelltext änneren]- D'Tierkei, Russland a Kasachstan leie souwuel um europäesche wéi och um asiatesche Kontinent;
- Istanbul läit op zwéi Kontinenter – an Europa an Asien, op béide Säite vum Bosporus. Ausserdeem leien e puer Stied a Russland a Kasachstan (ë. a. Oral, Magnitogorsk an Orenburg) op béiden Uwänner vum Ural, dem Grenzfloss tëscht Europa an Asien. An Egypten leien e puer Stied op béide Säite vum Suezkanal, deen Afrika vun Asien trennt;
- Spuenien a Frankräich hunn Territoirë baussent Europa; déi spuenesch leie virun der Küst vun Afrika, iwwerdeems déi franséisch Territoiren a Südamerika an opden ozeaneschen, afrikaneschen, nordamerikaneschen an antarkteschen Insele leien;
- Madeira läit, trotz senger politescher Verbindung mat Portugal, an Afrika. Déi westlechst Insele vun de portugiseschen Azoren (Corvo a Flores), gehéieren och zu der nordamerikanescher Kontinentalplack;
- Holland huet Territoiren an Europa an an Nordamerika (an der der Karibik);
- d'Insel Grönland, déi zum europäesche Kinnekräich Dänemark gehéiert, läit um nordamerikanesche Kontinent;
- d'Brittesch Iwwerséigebidder an d'US-Baussegebidder, erstrecken sech iwwer verschidde Kontinenter;
- D'Sinai-Hallefinsel, déi zum afrikanesche Staat Egypten gehéiert, gëtt zu Asie gezielt;
- D'Grenz tëscht engersäits Asien an anersäits Australien an Ozeanie leeft duerch Indonesien;
- geologesch gesinn, läit Island genee op der Grenz tëscht Nordamerika an Eurasien, gëtt geographesch awer allgemeng zu Europa gezielt;
- Zypern läit geographesch gesinn an Asien, ass politesch awer en Deel vun Europa;
- d'Länner op der arabescher Plack gëllen als en Deel vun Asien, obwuel dës Kontinentalplack geologesch zu Afrika gehéiert.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kontinenter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 Encyclopædia Britannica: „continent, one of the larger continuous masses of land, namely, Asia, Africa, North America, South America, Antarctica, Europe, and Australia, listed in order of size“. Encyclopædia Britannica, Inc., Chicago 2006.
- ↑ 2,0 2,1 „The Columbia Encyclopedia“, 2001. New York: Columbia University Press.
- ↑ 3,0 3,1 Océano Uno, Diccionario Enciclopédico y Atlas Mundial, „Continente“, Seite 392, 1730. ISBN 84-494-0188-7
- ↑ 4,0 4,1 Los Cinco Continentes (Die Fünf Kontinente), Planeta-De Agostini Editions, 1997. ISBN 84-395-6054-0
- ↑ Van Loon’s Geography: The Story of the World We Live In, 1932, Simon and Schuster
- ↑ Encyclopedic Entry: «continent» in: »NatGeo Education«; Publication of National Geographic NatGeo-Society
- ↑ The New Oxford Dictionary of English. 2001. New York: Oxford University Press.
- ↑ (en) Encarta Continent (Memento vom 28. Oktober 2009 im Internet Archive).. MSN Encarta Online Encyclopedia (2006) Archivéiert den 28.10.2009. Gekuckt den 19.07.2025.
- ↑ Continent. McArthur, Tom, ed. 1992. The Oxford Companion to the English Language. New York: Oxford University Press; S. 260.
- ↑ (de) Deutsche Stiftung Weltbevölkerung (DSW), DSW-DATENREPORT 2022 (PDF) (2022). Gekuckt de 06.07.2025.
- ↑ (en) Population by Continent 2025. worldpopulationreview.com. Gekuckt den 19.07.2025.
- ↑ (en) 7 Continents of the World. Worldometer. Gekuckt den 19.07.2025.
