Nordamerika
| Nordamerika | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Geographie | |
| Geographesch Lag | Nordhallefkugel |
| Besteet aus | Karibik, Zentralamerika, Nordamerika a Mexiko, Grönland |
| Fläch | 21.329.947 km² |
| Héchste Punkt | Denali (6.190 m) |
| Déifste Punkt | Badwater Basin (-86 m) |
| Demographie | |
| Awunner | 617.280.500 (2025) |
| Bevëlkerungsdicht | Nordamerika 25,46/km² |
| Bevëlkerungsräichst Regioun | Mexiko-Stad |
| Aner Informatiounen | |
| Genannt no | Amerigo Vespucci, Norden |
| Zäitzon | Eastern Time Zone, Pazifik Standardzäit, Hawaii-Aleutian Zäitzon, Newfoundland Standard Time, Atlantic Standard Time Zone, Alaska Standard Time Zone, Central Time Zone, Mountain Standard Time Zone |
|
Kaart mat der politescher Opdeelung vun Nordamerika | |
|
| |
Nordamerika ass den nërdlechen Deel vum amerikanesche Kontinent. Et ass no Asien an Afrika den drëttgréisste Kontinent op der Welt a bedeckt eng Fläch vu 24.930.000 km² (16,28 % vun der Fläch vun der Welt), dorënner Grönland, d'zentralamerikanesch Landbréck an d'Karibik. Mat ongeféier 617 Milliounen Awunner (7,71 % vun der Weltbevëlkerung) läit en op der véierter Plaz wat d'Populatioun ugeet.[1]
Mëttelamerika ass eng Regioun, déi zu Nordamerika gehéiert.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Mëttelamerika.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Am Norden vun Nordamerika läit den Arkteschen Ozean, am Osten den Atlantik, am Süden d'Karibescht Mier an am Westen de Pazifeschen Ozean.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Als éischten huet de Reesschrëftsteller Amerigo Vespucci vu Florenz enger breeder Ëffentlechkeet vun deem nei entdeckte Kontinent erzielt. Hie war um Enn vum 15. Joerhonnert bei de Reese vum Christoph Kolumbus derbäi. No him huet de Kartograph Martin Waldseemüller de Kontinent America genannt.
Bevëlkerung a Sproochen
[änneren | Quelltext änneren]Indigeen Bevëlkerung
[änneren | Quelltext änneren]Ier den nordamerikanesche Kontinent vun Europäer entdeckt an erfuerscht gouf, hu schonn eng Abberzuel indigeenen ethnesch Gruppen do gelieft, déi nom Enn vun der leschter Äiszäit a verschiddenen Immigratiounswellen aus Asien dohi koumen. Iwwerdeems d'Nokomme vun der leschter Well (déi sech nëmmen am héijen Norden néiergelooss hunn) allgemeng als Eskimoen an Aleuten bezeechent ginn, bleift de geneeresche Begrëff Indianer fir all déi aner populär. A Kanada gëtt allgemeng d'Bezeechnung „First Nations“ fir déi indigeen Vëlker am Land gebraucht.
Sproochen
[änneren | Quelltext änneren]D'Haaptsprooch ass Englesch (an den USA an a Kanada), virum Spueneschen (USA a Mexiko) an dem Franséischen (Kanada minoritär an den USA). Vereenzelt gëtt et nach aner lokal Sproochen déi aus der indigeener Zivilisatioune stamen; dozou zielen absënns Athapaskesch-Tlingit (182.000 Spriecher), Algonkin-Ritwan (146.000) an Eskimo-Aleutesch (80.000).
Wirtschaft
[änneren | Quelltext änneren]D'Wirtschaft vun Nordamerika ëmfaasst méi wéi 600 Millioune Mënschen an 23 Staaten an ass duerch déi staark Ënnerscheeder tëscht de räiche Länner (Kanada, USA) an den aarme Länner vu Mëttelamerika an der Karibik charakteriséiert.
Opdeelung
[änneren | Quelltext änneren]- D'Vereenegt Staaten an aner engleschsproocheg Natiounen an Amerika ginn als „Angloamerika“ bezeechent.
- Kanada ass an en anglo-kanadeschen an e franko-kanadesch Deel opgedeelt; de franséischsproochegen (gréisstendeels Québec) gëtt normalerweis weeder zu Anglo- nach zu Latäinamerika gezielt.
- Déi aner nord- a südamerikanesch Natioune ginn ënner de Begrëffer Latäinamerika oder Iberoamerika zesummegefaasst.
"Nordamerika" ka fir verschidde Leit ënnerschiddlech Bedeitungen hunn: Am alldeegleche Gebrauch a Kanada an an den USA bezitt Nordamerika sech gemenkerhand just op déi zwou Natiounen. Fir déi meescht Mexikaner gehéiert hiert Land awer och zu Nordamerika; dëst entsprécht och der üblecher Definitioun am europäeschen Ëmfeld.
Länner
[änneren | Quelltext änneren]Zum nordamerikanesche Kontinent gehéieren:
- 23 Memberstaate vun de Vereenten Natiounen,
- 21 Territoiren déi vun enger anerer Natiounen ofhängeg sinn.
Membere vun de Vereenten Natiounen
[änneren | Quelltext änneren]| Nr | Territoire | Offizielle Staatsnumm | Haaptstad | Fläch [km²][2] | Awunner[3] | Bemierkung |
|---|---|---|---|---|---|---|
| 1 | Antigua a Barbuda | Saint John's | 441[4] | 93.772 | ||
| 2 | Bahamas | Nassau | 13.880 | 401.283 | ||
| 3 | Barbados | Bridgetown | 430 | 282.467 | ||
| 4 | Belize | Belmopan | 22.996 | 417.072 | ||
| 5 | Republik Costa Rica | San José | 51.100 | 5.129.910 | ||
| 6 | Commonwealth Dominica | Roseau | 751 | 66.205 | ||
| 7 | Dominikanesch Republik | Santo Domingo | 48.670 | 11.427.557 | ||
| 8 | Republik El Salvador | San Salvador | 21.041 | 6.338.193 | ||
| 9 | Grenada | St. George's | 344 | 117.207 | ||
| 10 | Republik Guatemala | Guatemala-Stad | 108.889 | 18.406.359 | ||
| 11 | Republik Haiti | Port-au-Prince | 27.750 | 11.772.557 | ||
| 12 | Republik Honduras | Tegucigalpa | 112.090 | 10.825.703 | ||
| 13 | Jamaika | Kingston | 10.991 | 2.839.175 | ||
| 14 | Kanada | Ottawa | 9.984.670 | 39.742.430 | Vill kleng Insele virun der Küst vun Nordamerika gehéieren zu Kanada, dorënner Vancouver Island an den Archipel Haida Gwaii am Westen, Prince Edward Island, Neifundland an d'Cap-Breton Insel am Osten, an de Kanadesch-arkteschen Archipel am Norden. | |
| 15 | Republik Kuba | Havanna | 110.860 | 10.979.783 | ||
| 16 | Vereenegt Mexikanesch Staaten | Mexiko-Stad | 1.964.375 | 130.861.007 | D'Revillagigedo-Inselen an eng Abberzuel méi kleng Insele gehéieren zu Mexiko. | |
| 17 | Republik Nicaragua | Managua | 130.370 | 6.916.140 | ||
| 18 | Republik Panama | Panama-Stad | 75.420 | 4.515.577 | ||
| 19 | Federatioun Saint Kitts an Nevis | Basseterre | 261[5] | 46.843 | ||
| 20 | Saint Lucia | Castries | 616 | 200.000[6] | ||
| 21 | Saint Vincent an d'Grenadinnen | Kingstown | 389[7] | 100.616 | ||
| 22 | Republik Trinidad an Tobago | Port of Spain | 5.128 | 1.507.782 | ||
| 23 | Vereenegt Staate vun Amerika | Washington, D.C. | 9.833.517 | 345.426.571 | Déi 48 amerikanesch Bundesstaaten déi zesummenhänken, plus Alaska maachen de gréissten Deel vun den USA aus. De Bundesstaat Hawaii, deem seng Insele wäit vum Kontinent ewech am Pazifeschen Ozean leien, zielt zu Australien an Ozeanien. |
Ofhängeg Gebidder
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Nordamerika – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (en) North America Population 2025. World Population Review. Gekuckt de 26.07.2025.
- ↑ List of Countries and Dependent Territories of the World Alphabetically. ontheworldmap.com. Gekuckt den 21.07.2025.
- ↑ 3,0 3,1 (en) World Population Prospects. population.un.org. Gekuckt den 21.07.2025. „Stand: Mëtt 2024“
- ↑ Antigua: 280 km²; Barbuda: 161 km²
- ↑ Saint Kitts 168 km²; Nevis 93 km²
- ↑ (de) Deutsche Stiftung Weltbevölkerung (DSW), DSW-DATENREPORT 2022 (PDF) (2022). Gekuckt de 06.07.2025.
- ↑ Saint Vincent 45 km²; Grenadinnen 344 km²
- ↑ List of Countries and Dependent Territories of the World Alphabetically. ontheworldmap.com. Gekuckt de 26.07.2025.
- ↑ 9,0 9,1 9,2 Läit a Südamerika, gëtt awer aus historeschen a kulturelle Grënn als en Deel vun Nordamerika ugesinn.
- ↑ (en) Bermuda Population 2025. World Population Review. Gekuckt de 26.07.2025.
- ↑ (en) Greenland Population 2025. World Population Review. Gekuckt de 26.07.2025.
