Gielt Mier

Gielt Mier an d'Bucht vum Bohai Mier
D'Gielt Mier (Chineesesch: 黄海/Huanghai, Koreanesch: 서해 of 황해) ass den nërdlechen Deel vum Ostchineesesche Mier, engem Niewemier vum Pazifik a läit tëscht der koreanescher Hallefinsel an dem chineesesche Festland.
Säin Numm huet d'Mier wéinst senger gielzeger Faarf. Dee charakteristesche Faarftoun kënnt vum Sedimentgestengs an de Sandpartiklen, déi vum Giele Floss an d'Mier gespullt ginn a sech dann do oflageren.
Dee gréissten Ausleefer vum Giele Mier ass d'Bohai Mier, eng Bucht laanscht d'chineesesch Provënze Shandong, Hebei a Liaoning.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Yellow Sea – Biller, Videoen oder Audiodateien |