Ostchineesescht Mier

Vu Wikipedia
Lag vum Ostchineesesche Mier
Satelittefoto vum Ostchineesesche Mier (2004/NASA). Déi brongelzeg Flecken um Mier komme vum Sedimentgestengs dat vun de grousse chineesesche Flëss an d'Mier gespullt gëtt.

D'Ostchineesescht Mier ass en Niewemier vum Pazifik a läit tëscht China, Nordkorea, Südkorea, Japan an Taiwan. Den nërdlechsten Deel, d'Gielt Mier trennt d'koreanesch Hallefinsel vum chineesesche Festland. D'Ostchineesescht Mier breet sech iwwer ronn 1.249.000 km² aus.

Zanter datt an den 1980er Joer bewise konnt ginn, datt ënner dem Mieresbuedem grouss Pëtrols- a Gasfelder ze fanne sinn, behaapt sech d'Volleksrepublik China drop datt d'Gebitt vum Ostchineesesche Mier eng natierlech Verlängerung vum Kontinentalsockel ass an domat der chineesescher Souverainitéit ënnersteet. De Grenzkonflikt mat Japan ëm d'Mier ass zanterhier net op en Enn komm. D'Ostchineesescht Mier ass vu grousser strategescher Bedeitung fir China. Engersäits wéinst sengen natierleche Ressourcen, anerersäits ass d'Mier sou eppes wéi d'Haaptentrée fir d'Pëtrolstanker aus dem Mëttleren Osten a Richtung ostasiatesche Maart.

A China heescht d'Mier Ostmier, a Korea gëtt dogéint vum Südmier geschwat.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ostchineesescht Mier – Biller, Videoen oder Audiodateien