Inselstaat

Vu Wikipedia
Inselstaate weltwäit

En Inselstaat ass e Staat, deen aus enger oder méi Inselen oder Deeler vun Insele besteet a mat kengem Deel zum Festland vun engem Kontinent gehéiert. Inselstaaten ënnerscheede sech doduerch vun de Bannen- a Küstestaaten.

Vun de momentan 195 vun de Vereenten Natiounen unerkannte souveräne Staate vun der Welt sinn der 46, also ongeféier ee Véierel, Inselstaaten.

De flächeméisseg gréissten Inselstaat ass Indonesien, aner grouss Inselstaate si Japan, Neiséiland, Island, d'Philippinnen, Kuba, d'Vereenegt Kinnekräich a Madagaskar.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]