Schifer

Vu Wikipedia
Reschter vu Schiferplacken

Schifer (aus dem Alhéichdäitschen scivaro an dem Mëttelhéichdäitschen schiver(e), "Holz-, Steespläiter", an dem Mëttelnidderdäitschen schiver, "Schifer, Schëndel") bezeechent e metamorpht Sedimentgestengs vu Leemoflagerungen déi ënner Drock a bei héijen Temparature bei tektonesche Verschibungen entstane sinn. E besteet aus dënne parallelle Schichten, an déi et sech liicht splécke léisst.

De Schifer wéi mir en aus dem Éislek kennen, fënnt een op enger Achs déi vu Fumay iwwer Alle-sur-Semois, Herbeumont an Neufchâteau bis op Maartel reecht. Fréier Schifergrouwe sinn Zeie vum Asaz vum Schifer am Stroossebau an am Bausecteur, virun allem als Leeën. Grouss Schifergrouwe fir d'Leeëproduktioun waren zu Uewermaartel an zu Aasselbuer.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schifer – Biller, Videoen oder Audiodateien