Éislek

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Am Éislek, Vue op de Sauerdall tëscht der Misärsbréck an der Neimillen. Lénks am Bild de Misärshaff

D'Éislek ass den nërdlechen Deel vu Lëtzebuerg.

Et ass de lëtzebuergeschen Numm vun der geologescher Formatioun, déi "Rhäinesche Schifer" genannt gëtt, an déi sech vu Frankräich duerch d'Belsch a Lëtzebuerg bis eriwwer an Däitschland zitt.

A Frankräich heescht se "Ardennes", an der Belsch "Ardenne" (an der Eenzuel) oder "Aquilaine", an Däitschland "Eifel". "Schnee-Eifel" oder "Schneifel" bezeechent an Ostbelgien an an Däitschland déi héchst Deeler vun der Eifel. De Grenzraum zu eisem Éislek heescht an Däitschland "Islek" an am südlechen Deel vun Ostbelgien "Eeslek". Den Numm "Öslingen" soll nom Historiker Nik Welter vum kelteschen "Osninga" kommen (Referenz?), wat "Bergzug" bedeit. D'Ardenne huet der keltescher Gëttin "Arduinna" hiren Numm ginn: d'Wuerzel ard an der keltescher Sprooch, awer och an aneren indoeuropäesche Sproochen (Latäin, z. B.), bedeit héich, schwéier ze erklammen.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Als den nërdlechen Drëttel vu Lëtzebuerg a mat enger Gesamtfläch vun ongeféier 828 km², grenzt d'Éislek südlech op enger imaginärer Linn, déi ënner Pärel am Weste bis ënner Veianen am Oste verleeft, un d'Guttland. Tëscht 400 a 500 m an der Moyenne iNN geleeën, ass d'Éisleker Landschaft geprägt vun enger liicht no Süde falender Héichflächelandschaft mat wellefërmegen Hiwwelen an déif ageschnidde Flossdäller. Op Kneiff an d'Buergplaz zu Huldang am Norde vum Éislek si mat ëm 560 m déi zwou héchste Koppen aus dem Grand-Duché. Mam Stauséi Uewersauer am Naturpark Uewersauer a mam Barrage vu Veianen am Naturpark Our zielt d'Éislek zwee vun de gréisste lëtzebuergesche Stéigewässer.

Am Norden ass d'Éislek gepräägt vun engem wäitem, nëmme liicht hiwwelegen Héichplateau, op deem nërdwestlech flaach Däller zu Suppen a Moueren tendéieren. No Süden hi ginn déi landwirtschaftlech Héichflächen duerch enk an dacks mat Wise bewuesse Flossdäller vun Uewersauer, Our, Wolz, Klierf a Blees duerchschnidden. Dës mat Bësch bewuessen Dallpente setze sech gréisstendeels am mëttleren a südlechen Deel vum Éislek aus Louhecken zesummen. Heibäi handelt et sech ëm Eechen, déi virun ongeféier 300 Joer ugeplanzt goufen an eng grouss wirtschaftlech Bedeitung fir d'Regioun haten. Hir Schuele sinn zum Gierwe vu Lieder an den Éisleker implantéierte Gierwereie benotzt ginn. Si dominéieren haut zesumme mat de Fiichtemonokulturen, déi verstäerkt nom 2. Weltkrich ugeplanzt goufen, d'Regioun an hunn déi ursprénglech Bichebëscher gréisstendeels remplacéiert.

Nieft de sëllechen idyllesche Bauerendierfer am dënn bewunnten Éislek, sinn Esch-Sauer, Klierf, Veianen a Wolz nëmmen e puer vun de mëttelalterlechen Uertschaften, déi op Hiwwelkoppen oder Fielshäng iwwer stolz Schlässer a wierhaft Buerge verfügen.

Geologie[änneren | Quelltext änneren]

D'Éislek besteet aus methamorphem Gestengs, dat ursprénglech aus der Zäit vum Ënneschten Devon (Siegenien a Emsium) staamt. Deemools war d'Regioun vun engem risegen, flaache Mier bedeckt, an deem sech an der Éisleker Géigend haaptsächlech Sedimenter vun Toun a Sand ofgelagert a sech iwwer d'Zäit verfestegt hunn. D'Entwécklung vun der haiteger Landschaft huet am Ënneschte Karbon virun zirka 330 Millioune Joer mat der variskescher Faltung vum devonesche Gestengs ugefaangen. Déi gefaalte Steng goufen zum Rhäinesche Schifergebirge eraus gehuewen an iewescht Schichten nees relativ séier duerch Erosioun ofgedroen, ier am Tertiär virun zirka 50 Millioune Joer sech d'Landschaft nees lues gehuewen huet an d'Flëss sech an d'Gestengs agedéift hunn. Duerch enormen Drock an Hëtzt, déi duerch d'Faltung entstane sinn, ass vill d'devonesch Gestengs an aner Gestengs ëmgewandelt ginn. Am Éislek waren dëst virun allem Schiferen a Quarziter.

De geologeschen Ënnergrond am Éislek besteet nërdwestlech an am südlechen Drëttel aus Gestengs aus dem Siegenien. Do tëscht leie Schichten aus dem Emsium. Déi eelst Steng (Ënneschten a Mëttlere Siegenien) bestinn aus Quarzophylladen, quarzeg Sandsteng a sandeg kompakt Schiferen a kommen nëmme laanscht d'belsch Grenz am Nordweste vum Éislek vir. Den Ieweschte Siegenien ëmfaasst haaptsächlech Graffschifere mat seelene Bänke vun tounegem Sandsteen. Liicht spléckbar Tounschifere kommen an der Géigend ëm Maartel vir, déi do als Leeë laang Zäit ofgebaut goufen.

D'Schifere vu Stolzebuerg (Schifer mat gudder Schichtung, Quarzophylladen a seelene Bänke vu Quarzsandsteen) an de Quarzophyllade vu Schüttbuerg, déi zousätzlech nach Quarzsandsteen enthalen, stamen aus dem Ënneschten Emsium. De Mëttleren Emsium ëmfaasst déi faarweg Klierfer Schiferen. Si bestinn aus grénglechgroen, groen oder wäiroude Schiferen a Sandsteen. Dat jéngst Éisleker Gestengs läit an der Wëlzer Kaul, déi vun der belscher Grenz bei Harel nërdëstlech an enger Sträif queesch duerch d'Éislek op déi däitsch Grenz bei Rouderssen ausleeft. De Kär vun dëser Kaul forméieren déi mëll touneg-sandeg, donkelblo a fossilräich Wëlzer Schiferen aus dem Ieweschten Emsium. Si ginn ëmrand vun enger dënner Sträif vum Quarzit vu Bärel (Hasselter), dee mat engem Quarz-Gehalt vu 95-98 % dat häertste Gestengs aus Lëtzebuerg ass. Gréisser Carrièren ëm Bärel an Op Freng tëscht Pënsch a Buckels hunn dat Gestengs exploitéiert.

D'Éisleker Steng zerfalen zu nierstoffaarmen, stengeg-leemege Biedem, deenen et virun allem u Phosphor a Kallek feelt. Eréischt d'Industrialiséierung am Süde vum Land huet den Akerbau am Éislek staark verbessert. Déi räich u Phosphor Thomasschlak, en Nieweprodukt aus de Schmelzen, konnt reng gemuel als Düngemëttel benotzt ginn.

Klima[änneren | Quelltext änneren]

Wéi och d'Guttland, gehéiert d'Éislek zu engem vum Atlantik beaflosste geméissegte Klima. Allerdéngs ass d'Klima e bësselche méi rau a méi fiicht wéi am Guttland. Déi mëttels Jorestemperature leie bei 7-8,5 °C. Si erklären déi grouss Zuel vu Fraschtdeeg am Joer (iwwer 100) an am Wanter déi méi laang Schnéiperiod, déi bis an de Mäerz dauere kann. Nëmmen am Kiischpelt an am südlechen Ourdall sinn d'Duerchschnëttstemperature bësselche méi mëll a leien tëscht 8,5 an 9 °C. Déi duerchschnëttlech Temperature vu Mee bis September leien op den Héichplateaue bei 13-14 °C an an de Flossdäller bei 14-15 °C. Domat ass d'Vegetatiounsperiod mat 150 Deeg, wou Temperaturen iwwer 10 °C leien, ganz kuerz. Typesch fir d'Éislek sinn och déi erhéichten Nidderschléi. Si leien tëscht 850 an iwwer 1000 mm pro Joer, wouvun zirka 400 mm am Summer falen. Den Norden an Nordweste kréien an der Regel bësselche méi Ree mat.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Zanter der erneierter Christianiséierung vun eiser Géigend (am fréie Mëttelalter) bis zur Franséischer Revolutioun ass d'Grenz tëschent dem Äerzbistum Tréier an dem Bistum Léck ongeféier do verlaf, wou och d'Grenz tëschent dem Guttland an dem Éislek verleeft. D'Éislek huet deemno zum Bistum Léck gehéiert, an et gëtt eng phantasievoll Erklärung vum Numm "Éisleck", déi sech op "[Dioc-]èse Léck" berifft.

Bedéngt duerch d'mannerwäerteg Qualitéit vum Buedem ass d'Éislek ganz laang méi aarm bliwwe, wéi d'Guttland. Dat huet sech eréischt mat der Industrialiséierung am Süde vum Land geännert: engersäits si vill Éisleker, déi duerch Mechaniséierung vun der Landwirtschaft net méi um Land gebraucht goufen, entweder ausgewandert oder, vun ~1900 un, an d'Minettsgéigend als Industrieaarbechter schaffe gaangen, anerersäits huet d'Stolindustrie een Nieweprodukt hierginn, d'Thomasmiel, deen als Dünger konnt agesat ginn. Laang gouf et nërdlech vun Ettelbréck quasi keng fest Stroossen, sou datt d'Éislek zimlech isoléiert bliwwen ass, besonnesch am Wanter, wann d'Weeër voller Schnéi oder Bulli waren. A vill Dierfer hunn eréischt tëschent de Weltkricher Zougank zu fléissendem Waasser kritt, wéi Honnerte vu Kilometere vu Waasserleitunge geluecht goufen.

Während dem Zweete Weltkrich ass d'Éislek net verschount bliwwen. Besonnesch an der Ardennenoffensiv am kale Wanter mat vill Schnéi am Dezember 1944 an am Januar 1945 huet d'Regioun schwéier Kämpf missen erleiden. De Krichsschued war grouss an d'Verloschter héich.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Rasqué, Fritz, 1946: Das Ösling im Krieg, Verl. Luxemburgensia, Impr. J. Beffort, 718 S., Nei-Éditioun: Ed. Emile Borschette, 1988
  • Paul Weber, Histoire de l'économie luxembourgeoise; Lëtzbuerg (Chambre de Commerce), 1950; 431 S.
  • Uli Botzler, Guy Hoffmann, [Koordinatioun: Rob Kieffer]: Eist Eislek: Begegnungen in den Luxemburger Ardennen, 2001, G. Binsfeld, 235 S. ISBN 2-87954-102-6
  • Sunnen, Myriam. 2007. "Eislek." In Lieux de mémoire au Luxembourg. Usages du passé et construction nationale, eds. Sonja Kmec et al. Luxembourg: Imprimerie Saint-Paul, p. 241-246.
  • Wolfgang Schmid (Interessenverein Binsfeld-Holler-Breidfeld) 2016: "Leben und Arbeiten im Ösling" - 91 S. ISBN 978-2-87992-990-3

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Éislek – Biller, Videoen oder Audiodateien