Buergplaz zu Huldang
Buergplaz (Burrigplatz) | |
---|---|
De Waassertuerm op der Buergplaz | |
An anere Sproochen | de: Burgplatz |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Gemeng | Ëlwen |
Buergermeeschter | Édouard Mertens |
Héicht | 558,35 m |
Koordinaten |
50° 09’ 41.9’’ N 06° 01’ 24.7’’ O (Waassertuerm) |
D'Buergplaz zu Huldang (lokal: Burrigplatz) ass e Lieu-dit an der Gemeng Ëlwen.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]De Lieu-dit läit op der N7, ongeféier op hallwem Wee tëscht der Wemperhaart an der Schmëdd. Westlech vun der N7 steet de Waassertuerm vun Huldang.
Altimetrie
[änneren | Quelltext änneren]Nieft dem Waassertuerm ass, mat 558,35 Meter, déi zweethéchst Plaz zu Lëtzebuerg, no Op Kneiff bei Wilwerdang mat 560,13 Meter[1]. E Schëld beim Waassertuerm an eng Skulptur op enger Raschtplaz nieft der Haaptstrooss weisen d'Plaz iertemlecherweis als déi héchst un.
Geschicht[2]
[änneren | Quelltext änneren]Déi éischt topographesch Kaart déi dat ganzt Lëtzebuerger Land ofgedeckt huet, gouf 1905 vum franséische Kartograph Jules Hansen publizéiert. Bei der Héichtemiessung déi mat engem Barometer gemaach gouf, koum fir d'Buergplaz eng Héicht vu 555 m eraus. D'Buergplaz war domat déi zweethéchst Plaz vum Land, hannert dem Napoleonsgaart mat 562 m.
1951 huet de franséischen Institut géographique national am Optrag vum Kadaster déi éischt topographesch Kaarten op Basis vun der Photogrammetrie erstallt. Domat gouf d'Buerplaz mat 559 m déi héchst Plaz vum Land, virun Op Kneiff (558 m) an dem Napoleonsgaart (549 m).
Op Basis vun engem digitale Fluch iwwer d'Lëtzebuerger Land den 31. Mee 1994, gouf tëscht 1994 an 1997 déi éischt topographesch Datebank fir Lëtzebuerg opgestallt. De Gebrauch vum GPS huet et erlaabt fir d'Donnéeën am nationale geodetesche System ze lokaliséieren. D'Héichtemiessung gouf mam Nivellement général du Luxembourg verknëppt. Bei dëser Miessung koum eraus, datt Op Kneiff mat 560,08 m déi héchst Plaz am Land ass an d'Buergplaz mat 558,35 m[3], op der zweeter Plaz läit.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'N7 op der Buergplaz a Richtung Norden
-
Vun der Buergplaz a Richtung Oste gekuckt
-
Monument fir d'87. Infanterie Divisioun
-
Monument vun der Onofhängegkeet
De falschen héchste Punkt vum Land
[änneren | Quelltext änneren]-
De Panneau „Burrigplatz“ ënnert dem Waassertuerm …
-
an eng Skulptur op der Raschtplaz nieft der N7 mat der falscher Informatioun als den héchste Punkt vum Land.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Storoni, A., 2010. Les Paysages Géologiques du Luxembourg. Éditions Schortgen, 57 S. ISBN 978-2-87953-096-3
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Op Kneiff bei Wilwerdang
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Buergplaz zu Huldang – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ A. Storoni 2010. Les Paysages Géologiques du Luxembourg. S. 16.
- ↑ (fr)Le point culminant du Luxembourg. act.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-06.
- ↑ sou steet et um Schëld beim Huldanger Waassertuerm