Global Positioning System

Vu Wikipedia
NAVSTAR-Satellit vun der zweeter Generatioun
Beweegung vun de Satellitten iwwer der Äerd

De Global Positioning System (ofgekierzt GPS) ass en Navigatiounssystem vum US-Verdeedegungsministère deen et erméiglecht, mat Hëllef vu Satellitten eng weltwäit Positiounsbestëmmung duerchzeféieren.

Déi offiziell Bezeechnung ass "Navigational Satellite Timing and Ranging - Global Positioning System" (NAVSTAR-GPS), mä hautdesdaags gëtt quasi nëmmen nach vun engem "GPS" geschwat.

De GPS-System ass de 17. Juli 1995 offiziell a Betrib geholl ginn, a konnt am Ufank ausschliisslech vun der US Arméi an deenen hiren Alliéierte benotzt ginn. Haut, nodeem den US-Verdeedegungsministère den Datestroum vun de Satellitten net méi kryptéiert, si GPS-Navigatiounssystemer net méi aus Fligeren, Autoen oder Schëffer ewechzedenken. Neierdéngs gi GPS-Rezeptore souguer a Schrëttzieler oder a GSM-Telefone benotzt.

Änlech Systemer sinn zum Beispill de russesche Positiounssystem Glonass, oder de Galileo, e Projet vun der EU, mam selwechte Funktiounsprinzip wéi de GPS an de Glonass, deen den Europäer e Positiounssytem soll garantéieren, am Fall wou d'Amerikaner hire GPS ofschalten an nëmmen nach fir d'Militär benotze géifen.

Funktiounsprinzip[änneren | Quelltext änneren]

En GPS Satellit schéckt all Sekonn 12,5 Funksignaler, mat der Positioun vum Satellit a mat der Auerzäit vum Ofsende vum Datepak. All Signal kritt eng Nummer, soudatt de GPS-System näischt verwiessele kann.

Eng Positiounsbestëmmung funktionéiert mat op d'mannst 3 Satellitten, déi sech de ganzen Zäit mat enger Vitess vun 3,87 km/s an enger Héicht vu ronn 20.000 km beweegen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Global Positioning System – Biller, Videoen oder Audiodateien