Misärshaff

Vu Wikipedia
Misärshaff
De Misärshaff vu Süde gesinn (2015)
An anere Sproochen fr: Misèrehof
de: Misèrehof
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Gemeng Rammerech
Buergermeeschter Toni Rodesch (CSV)
Koordinaten 49° 51’ 59’’ N
      05° 49’ 48’’ O

De Misärshaff ass e fréiere Bauerenhaff um Lieu-dit mam selwechten Numm an der Gemeng Rammerech. E läit um CR309 tëscht Ueschdref an der Misärsbréck, net wäit ewech vum Stauséi vun Esch-Sauer.

Den Haff aus dem Joer 1833 ass 1992 vum lëtzebuergesche Staat kaaft ginn an der FNEL, der "Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg" zur Verfügung gestallt ginn. E gouf tëscht 1993 an 2003 komplett renovéiert. D'FNEL huet den Droit de Superficie an d'Stëftung FNEL geréiert den Haff, deen zu dem Formatiounszentrum vun der FNEL ausgebaut gouf.

Den 8. Januar 2018 gouf en op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 11. Januar 2024).