Lëscht vun de klasséierte Monumenter

Vu Wikipedia

D'Lëscht vun de klasséierte Monumenter baséiert op engem éischte Gesetz vum 12. August 1927, op Franséisch Loi du 12 août 1927, concernant la conservation et la protection des sites et monuments nationaux. an op Däitsch Gesetz vom 12. August 1927, über die Erhaltung und den Schutz der nationalen Landschaften und Denkmäler, a publizéiert am Mémorial N° 48 den 31. August 1927.

Den Artikel 2. vun deem Gesetz seet datt eng Lëscht vun den Immeublë soll opgestallt ginn, déi all 5 Joer soll frësch erauskommen.

Dat Gesetz gouf duerch d'Gesetz vum 18. Juli 1983 ersat, an deem am Artikel 8 déi selwecht Konditioune fir d'Lëscht iwwerholl goufen. E puer Artikele vum Gesetz goufen den 3. Mäerz 2017 aktualiséiert[1].

Déi lescht Mise à jour vun der Lëscht vun de Monuments classés gouf am Mémorial B N° 35 vum 19. Mee 2009 publizéiert.

Déi besteet aus zwéin Deeler:

  • A) Liste des monuments classés
  • B) Inventaire supplémentaire des monuments nationaux

Nieft der Lëscht am Mémorial huet den Institut national pour le patrimoine architectural (INPA; virdrun: Service des sites et monuments nationaux - SSMN) eng méi aktuell op senger Websäit, déi e puermol am Joer aktualiséiert gëtt. Déi neist Versioun ass déi vum 11. Januar 2024.[2]

Zanter der Grënnung vum INPA ass d'Andeelung déi heiten:

  • A) Immeubles et objets bénéficiant des effets de classement comme patrimoine culturel national
  • B) Immeubles et objets inscrits à l'inventaire supplémentaire.

Den 31. Dezember 2018 ware genee 1.481 Gebaier an Objeten ënner nationalem Monumenteschutz, dovun der 563 als Nationaalt Monument, 4, déi dofir proposéiert sinn, an 914, déi op den Zousazinventaire agedroe goufen.[3]

Et handelt sech ëm Gebaier, Plazen oder Objeten, bei deenen et en nationalen Intressi gëtt, fir se z'erhalen an ze schützen, z. B. well se rar oder eemoleg sinn, typesch fir hir Aart oder Epoch, en Zeie vu fréierer Aktivitéit oder engem wichtegen Evenement, asw. Dorënner si Buergen a Kierchen, Bierger- a Bauerenhaiser, archeologesch Iwwerreschter, Uergelen a Molereien, Brécken an Industrieanlagen, Landschaften a Beem; oder vereenzelt Objete wéi Eisebunnslokomotiven oder -waggonen, ee Fliger, eng Brak vun Hinzert, oder eng mëttelalterlech Handschrëft.

Déi klasséiert Objeten hu keng Identifikatiounsnummer, a bei verschiddene sinn als eenzeg Referenz vereelzte Kadasternummeren uginn, soudatt et net direkt nozevollzéien ass, ëm wat et sech handelt. Et gëtt och keng Markéierungen (z. B. e Logo oder e Schëld) un de betraffenen Objeten, fir hire Status in situ erkenntlech ze maachen. Vereenzelt Objeten, déi op der Lëscht stinn, gëtt et net méi (verschidde Beem, z. B.). Och gouf eréischt virun e puer Joer[Wéini ?] ugefaangen, e systemateschen Argumentaire opzestellen, fir d'Klassement ze justifiéieren.

E puer Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

Lëschten no Gemengen[änneren | Quelltext änneren]

An der Këscht heidrënner geet et bei d'Oplëschtunge vun allen Objeten. Se sinn no de Gemengen (an dann no den Uertschaften) getässelt, an deenen se ze fanne sinn:


Dës Lëscht vun de klasséierte Monumenter ass en Deel vun de Referenztabellen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cultural heritage monuments in Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 3 mars 2017 dite « Omnibus » portant modification : - de la loi modifiée du 19 juillet 2004 concernant l'aménagement communal et le développement urbain ;- de la loi du 30 juillet 2013 concernant l'aménagement du territoire ;- de la loi du 22 octobre 2008 portant promotion de l'habitat et création d'un pacte logement avec les communes ;- de la loi modifiée du 19 janvier 2004 concernant la protection de la nature et des ressources naturelles ;- de la loi modifiée du 19 décembre 2008 relative à l'eau ;- de la loi communale modifiée du 13 décembre 1988 ;- de l'article 44bis du Code civil ;- de la loi du 18 juillet 1983 concernant la conservation et la protection des sites et monuments nationaux ;- de la loi électorale modifiée du 18 février 2003 ;- de la loi modifiée du 4 février 2005 relative au référendum au niveau national ;- de la loi modifiée du 10 juin 1999 relative aux établissements classés ;et abrogeant :- l'arrêté grand-ducal modifié du 13 août 1915 portant règlement du service des femmes dans les hôtels et cabarets ;- l'arrêté grand-ducal du 15 septembre 1939 concernant l'usage des appareils radiophoniques, des gramophones et des haut-parleurs. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-10-03.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 11. Januar 2024).
  3. "SSMN: Rapport d'activités 2018", S. 28, op ssmn.public.lu.