Meder-Haus Esch-Uelzecht

Vu Wikipedia
Meder-Haus
D'Meder-Haus (2011)
Land Lëtzebuerg
Plaz Esch-Uelzecht
Adress 65, rue Zénon-Bernard
Koordinaten 49° 29’ 29.43’’ N 05° 58’ 39.58’’ O
Baustil Jugendstil
Statut klasséiert (Zousazinventaire)
Datum vum Bau 1907
Proprietär Staat (Kulturministère)

Dat sougenannt Meder-Haus zu Esch-Uelzecht ass e Gebai am Jugendstil dat 1907 op 65, Zénon-Bernard-Strooss gebaut gouf.[1]

Éischte Proprietär a Bauhär war de Moïse Olivo vu San Gregorio nelle Alpi (Provënz Belluno), dee sech an den 1890er Joren zu Esch, als ee vun den éischten italieeneschen Immigranten, als Liewensmëttelhändler etabléiert hat. D'Gebai ass verschiddene Quellen no vun engem Haus um Lago Maggiore inspiréiert. Et huet awer och e gewësse Glach mat engem zu Paräis (rue Sédillot 12, Paris 7e) dat vum Architekt Jules Lavirotte 1899 entworf gouf.[2]

1918 huet de Wäin- an Drëppenhändler Charles Meder d'Gebai kaf. Hien huet d'Initialen iwwer der Entréesdier vun MO an MC ëmännere gelooss.

1973 stoung d'Haus, dat net méi bewunnt war, zum Verkaf, an et gouf gefaart, et géif ofgerappt an duerch en Appartementsblock ersat. Protestpetitioune vun engagéierte Bierger hu mat sech bruecht, datt d'Haus den 12. Dezember 1973 op d'Lëscht vum Inventaire supplémentaire vun den Nationale Monumenter opgeholl gouf[3], a vun der Escher Gemeng 1974 opkaf gouf. Jorelaang duerno huet d'Gemeng d'Haus awer ongeschützt eidel stoe gelooss; et ass lues a lues delabréiert, a vill Original-Jugenstil-Dekoratioune goufe geklaut (wéi z. B. d'Fer-forgés-Palissad) oder zerstéiert (z. B. déi ganz Fënstere mat faarwege Glas-Dekoratiounen).[4] Schlussendlech huet de Staat et opkaf a restauréiere gelooss.

Haut gehéiert et dem Ministère de la culture, de l'enseignement supérieur et de la recherche, Centre d'animation culturelle régionale Sud. Locataire ass de de Centre de rencontre et d'information pour jeunes Esch, asbl, deen do zanter 1991 d'Escher Jugendhaus dra bedreift.[5]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Reitz, Jean: Maison Meder, Luxembourg: Service des Sites et Monuments Nationaux o.J.
  • La Maison Meder à Esch/Alzette. Wunnen Nr. 36, Nov.-déc. 2013

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Meder-Haus – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Roger Seimetz: "Meder Haus." In: Rainer Hudemann unter Mitarbeit von Marcus Hahn, Gerhild Krebs und Johannes Großmann (Hg.): Stätten grenzüberschreitender Erinnerung – Spuren der Vernetzung des Saar-Lor-Lux-Raumes im 19. und 20. Jahrhundert. Lieux de la mémoire transfrontalière – Traces et réseaux dans l'espace Sarre-Lor-Lux aux 19e et 20e siècles, Saarbrücken 2002, 3., technisch überarbeitete Auflage 2009.
  • "Lago Maggiore an der Brill-Schule." Den Escher Nr. 10, 2007, S.14-15.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell wou net anescht uginn: Seimetz 2002.
  2. Vgl. Biller op Lartnouveau.com
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  4. Cf. der Nelly Moia hiren oppene Bréif un d'Gemengeverwaltung: "Le scandale de la maison Meder" (Le Républicain Lorrain, 1981), ofgedréckt an: Nelly Moia: Für die Katz. Esch, 1999, S.385-386; Déis.: "Indignation", och do, S. 387-388.
  5. "Lago Maggiore…", S.10.