Neimënster

Vu Wikipedia
Centre culturel de rencontre
Abbaye de Neumünster („Neimënster“)
Vue vum Stierchen op de Parvis vun der Abtei Neimënster
Typ Ëffentlecht Etablissement
Grënnungsdatum 24.07.2001
Sëtz 28 Rue Munster
L-2160 Lëtzebuerg
Leedung Françoise Poos (Presidentin CA)
Ainhoa Achutegui (Direktesch)
Homepage www.neimenster.lu
E Bléck an de banneschten Haff, Agora Marcel-Jullian genannt
De Robert-Krieps-Sall (lénks)

Neimënster (Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster, kuerz CCRN) ass en ëffentlecht Etablissement an e Kulturzentrum am Gronn an der Stad Lëtzebuerg, deen duerch e Gesetz vum 24. Juli 2001[1] geschaaft gouf an zanter 2004 a Betrib ass. Den CCRN kritt all Joers (Stand 2019) eng Dotatioun vum Staat vun enger 3,9 Milliounen Euro fir seng Aktivitéiten.

De 25. Abrëll 2005 gouf do de Bäitrëttstraité vu Bulgarien a Rumänien zu der Europäescher Unioun ënnerschriwwen.[2].

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebaier ëmfaassen d'Kierch vum Hl. Jang a véier Gebaier, déi ronderëm e Bannenhaff leien. An engem Deel dovun war bis un d'Enn vum 18. Joerhonnert d'Benediktinerabtei Neimënster.

Am fréiere Klouschter war bis 1867 e Militärhospiz, duerno, bis 1980, de Männerprisong. Hautdesdaags ass et e sozio-kulturellen Zentrum. Den CCRN begräift dräi Gebaibléck, vun deenen der zwéin no Leit genannt sinn.

Abtei[änneren | Quelltext änneren]

D'Abtei ass d'Haaptgebai vum CCRN. Op zwéi Stäck iwwer der Receptioun si Reuniouns- a Konferenzsäll a verschiddene Gréissten. Déi zwéi Konferenzsäll um zweete Stack sinn no bedeitende lëtzebuergeschen Auteure genannt: Edmond-Dune-Sall (A21) a José-Ensch-Sall (A22).

Robert-Bruch-Gebai[änneren | Quelltext änneren]

D'Robert-Bruch-Gebai (Bâtiment Robert-Bruch) ass déi fréier Kasär vun der preisescher Garnisoun, an där follgend Institutiounen a Facilitéiten ënnerbruecht sinn:

Robert-Krieps-Sall[änneren | Quelltext änneren]

De Robert-Krieps-Sall ass den neien Numm vum Tutesall, an dem haut en Auditoire mat 283 Sëtzplazen ënnerbruecht ass.

Raim a Plazen[änneren | Quelltext änneren]

Abtei-Kräizgank mat Statue vum Lucien Wercollier. Zanter November 2008 stinn dës Skulpturen am Déambulatoire, um éischte Stack iwwer dem Kräizgank.

Lucien-Wercollier-Kräizgank[änneren | Quelltext änneren]

Am Kräizgank vun der Abtei, deen nom Lucien Wercollier benannt ass (Cloître Lucien-Wercollier), ginn temporär Ausstellungen organiséiert. Vun 2005 bis 2008 stoungen hei Skulpture vum Wercollier, déi seng Famill dem Centre culturel fir 10 Joer iwwerlooss hat. Am November 2008, no enger Restauréierung, koumen dës Skulpturen op hir definitiv Plaz am Déambulatoire um éischte Stack vun der Abtei.

Marcel-Jullian-Agora[änneren | Quelltext änneren]

Daach vun der Agora Marcel-Jullian

D'Agora Marcel-Jullian[3] ass de banneschten Haff vun der Abtei, dee mat enger gliesener Konstruktioun iwwerdaacht ass. Un enger Säitemauer vun der Agora ass de Projet the portrait society mat 504 Eenzelportraiten, e Wierk vum lëtzebuergesche Konschtschafende Roland Schauls, ze gesinn.

Parvis[änneren | Quelltext änneren]

De Parvis ass de Bannenhaff vum CCRN, dee mat 3700 m2 zu deene gréissten ëffentleche Plazen an der Stad Lëtzebuerg zielt. De Parvis grenzt mat dräi Säiten u Gebaier vum Kulturkomplex a mat enger Säit un d'Uelzecht, direkt vis-à-vis vum Stierchen.

Administratioun[änneren | Quelltext änneren]

Neimënster gëtt vun engem Verwaltungsrot vun néng Membere geréiert, déi op Propositioun vum Regierungsrot vum Grand-Duc ernannt ginn. Véier Membere vertrieden de Kulturministère, een de Budgetsministère an een d'Stad Lëtzebuerg. Dräi Membere gi vum Kulturministère aus der Zivilgesellschaft proposéiert; et muss sech ëm Perséinlechkeeten handelen, déi kompetent sinn am Kulturellen an an der Gestioun vun Entreprisen[4].

Verwaltungsrot vun Neimënster
Period President
-2011 Guy de Muyser
2019-2024 Guy Dockendorf
14.12.2016-2019 Frank Feitler
11.07.2019-10.07.2024 Françoise Poos
Direktioun vun Neimënster
Period Direkter
2001-2013 Claude Frisoni
2019-2024 Ainhoa Achutegui

Kommunikatioun[änneren | Quelltext änneren]

Den CCRN gëtt dräimol am Joer De gudde Grond eraus, eng Zäitschrëft mam Programm vun den Aktivitéiten am Kulturzenter.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Neimënster – Biller, Videoen oder Audiodateien

Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 24 juillet 2001 portant création d'un établissement public nommé Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster. legilux.public.lu (24.07.2001). Gekuckt de(n) 11.09.2020.
  2. "Signature du traité d'adhésion de la Bulgarie et de la Roumanie à l'Union européenne (25 avril 2005)." Présidence luxembourgeoise du Conseil de l'Union européenne (2005).
  3. De Marcel Julian, Produzent vum och zu Lëtzebuerg beschtbekannte franséische Film "La grande vadrouille", war am Zweete Weltkrich eng Zäit am Prisong am Gronn internéiert.
  4. Artikel 3 aus de Gesetz vun 2011