Guy de Muyser

Vu Wikipedia
Guy de Muyser
Gebuer 20. Juni 1926
Wolz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Ekonomist, Diplomat, Affekot

De Guy de Muyser, gebuer den 20. Juni 1926 zu Wolz, ass e lëtzebuergesche Jurist, Ekonomist a pensionéierten Diplomat.

Seng Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Hie war vun 2004 bis 2011 President vum ëffentlechen Etablissement Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster.

1998 war hie Matgrënner vun der Fondation du mémorial de la déportation där hire President hien zanterhier ass.

Hien ass de Papp vun dräi Kanner, dorënner de Jurist, Diplomat a Politiker Alain de Muyser an d'Isabelle de Muyser déi zanter 2007 Chef vun der Logistique bei de Vereenten Natiounen ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Guy de Muyser – Biller, Videoen oder Audiodateien