Haffmarschall

Vu Wikipedia
Sigel vum lëtzebuergesche Maréchalat (tëscht 1850 an 1923).

Den Haffmarschall ass den ieweschte Verwaltungsbeamten op engem fürstlechen Haff. Hien iwwerwaacht déi ekonomesch Dossiere vum Haff an ass de Preposé vum Maréchalat, der Haffmarschallsverwaltung.

Am Allgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Fréier gouf all Staatsdéngscht als Haffdéngscht ugesinn an dowéinst besteet den Titel Marschall, Kanzler oder Minister bis haut nach an de Fürstenhaiser déi nach bestinn. D'Haffmarschäll hu sengerzäit ëmmer zum Adel gehéiert an et waren dacks pensionéiert héich Membere vum Militär.

Zu de Flichte vun engem Haffmarschall gehéiert d'Organisatioun vun den Empfäng an den Audienze grad ewéi vun de Reesen an de Staatsvisitte vun de Membere vum Herrscherhaus. Den Haffmarschall huet d'Opsiicht iwwert de kinnekleche Stot, inklusiv der Organisatioun vum Iessen, der Kichen oder dem Wäikeller.

An Däitschland bestoung en Haffmarschall nach bis 1945 um fréieren Haff vun den Hohenzollern. Et war den héchste Beamten am Hausministère, deem säi Siège Unter den Linden zu Berlin war. En huet d'Verméige vum deemolege preisesche Kinnekshaus verwalt.

Hautdesdaags gëtt et den Titel vum Haffmarschall nach a Schweden (hovmarskalksämbete), Dänemark (hofmarskal) an zu Lëtzebuerg. An der Belsch gouf d'Funktioun vum Haffmarschall 2006 ofgeschaaft.

Den Haffmarschall zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg kann den Haffmarschall - nieft den allgemenge Funktiounen - de Groussherzog bei Manifestatioune vertrieden, wann deen net selwer deelhuele kann[1].

Duerch den Arrêté grand-ducal vum 9. Oktober 2020 mat deem d'Maison du Grand-Duc an d'Liewe geruff gouf[2], gouf och d'Funktioun vum Haffmarschall definéiert. Den Haffmarschall gëtt als Staatsbeamten agestallt a vum Grand-Duc genannt.

Aufgaben[änneren | Quelltext änneren]

Den Haffmarschall vertrëtt de Staatschef an organiséiert seng offiziell Aktivitéiten. Hie representéiert d'Maison du Grand-Duc géintiwwer Drëttpersounen a virun der Justiz. Zu sengen Aufgabe gehéiert och d'Organisatioun vun nationalen an internationalen Audienzen a Staatsvisitten. Hien ass zoustänneg fir d'Relatiounen tëscht dem groussherzoglechen Haff an der Regierung a bekëmmert sech ëm d'ëffentlech Aktivitéite vum Staatschef a senge Familljememberen.

Den Haffmarschall ass zoustänneg fir d'bannenzeg a baussenzeg Kommunikatioun vun der Maison du Grand-Duc. Hien huet de Pouvoir iwwer d'Personal vun der Maison du Grand-Duc, sou wéi e Verwaltungschef dat fir d'Personal vum Staat huet.

Lëscht vun den Haffmarschäll um groussherzoglechen Haff[änneren | Quelltext änneren]

Numm vun bis
...
Alfred Loesch 1947 1964
...
Guy de Muyser[3] 1971 1981
Christian Calmes 1981 1984
...
Henri Ahlborn 1993 2002
Jean-Jacques Kasel 2002 2007
Henri Ahlborn[4] 2007 30. September 2007
Pierre Mores[5] 1. Oktober 2007 Mee 2013
Pierre Bley[6] 1. September 2013 31. Dezember 2015
Lucien Weiler[7] 4. Januar 2016 Enn Mäerz 2020
Interim als conseillers spéciaux:

André Prum an Norbert Becker[8],[9]

Enn Mäerz 2020 30. Mee 2020
Yuriko Backes[10][11] 1. Juni 2020 4. Januar 2022[12]
Yves Arend (Interim)[13] 4. Januar 2022
Paul Dühr[14] 1. Abrëll 2022

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hofmarschall – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. La famille grand-ducale de Luxembourg. Luxembourg: Service information et presse. 2001, S. 61
  2. Arrêté grand-ducal du 9 octobre 2020 portant institution de la Maison du Grand-Duc. legilux.public.lu (09.10.2020). Gekuckt de(n) 31.10.2020.
  3. Interview de Guy de Muyser op www.cvce.eu; gekuckt den 29. Abrëll 2020
  4. Démission honorable accordée à Monsieur Henri Ahlborn, Maréchal de la Cour op monarchie.lu den 28. September 2007, gekuckt den 30. Abrëll 2020
  5. Nomination du nouveau Maréchal de la Cour op monarchie.lu den 28. Mäerz 2007, gekuckt den 30. Abrëll 2020
  6. Le Maréchalat de la Cour communique op monarchie.lu den 10. Mee 2013, gekuckt den 30. Abrëll 2020
  7. Communiqué de la nomination de M. Lucien Weiler à la fonction de Maréchal de la Cour op monarchie.lu de 15. Dezember 2015, gekuckt den 30. Abrëll 2020
  8. Hofmarschall Lucien Weiler geht in Rente op wort.lu de 14. Mäerz 2020, gekuckt den 29. Abrëll 2020
  9. Le Prof. André Prüm nommé conseiller spécial de SAR le Grand-Duc op www.wwwfr.uni.lu; gekuckt den 29. Abrëll 2020
  10. D'Yuriko Backes gëtt Maréchale de la Cour op rtl.lu den 29. Abrëll 2020
  11. (B3581) Maison du Grand-Duc - Nomination. legilux.public.lu (09.10.2020). Gekuckt de(n) 31.10.2020.
  12. Maison du Grand-Duc - Maréchalat de la Cour. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2022-01-05.
  13. Maison du Grand-Duc - Maréchalat de la Cour. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2022-01-05.
  14. Communiqué : Nomination du nouveau Maréchal de la Cour. www.monarchie.lu (25.02.2022). Gekuckt de(n) 25.02.2022.