Op den Inhalt sprangen

Lucien Weiler

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Lucien Weiler
Gebuer 3. August 1951
Ettelbréck
Gestuerwen 1. Februar 2026
Dikrech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot, Jurist
Partei CSV
Fonctioun Gemengeconseiller, President vun der lëtzebuergescher Chamber, Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber
Auszeechnungen Grand officier vum Ordre de la Couronne de chêne, Grousskräiz vum Isabellauerden
Famill
Kanner Charles Weiler

De Lucien Weiler, gebuer den 3. August 1951 zu Ettelbréck, a gestuerwen den 1. Februar 2026[1], war e Lëtzebuerger Affekot a Politiker (CSV).

De Lucien Weiler war vun 1986 bis 1987 Gemengeconseiller, a vun 1988 bis 1993 Schäffen, an der Gemeng Dikrech.

Op nationalem Plang war hie vum 16. Juli 1984 bis de 7. Oktober 2013 Deputéierten an der Chamber, dovun, vun August 2004 bis Juni 2009, President. Als Deputéierte war hien ë. a. Member vun der Lëtzebuerger Delegatioun bei der Assemblée parlementaire de la Francophonie (APF), beim Conseil Parlementaire Interrégional (CPI) a bei der Assemblée parlementaire de l'Organisation pour la Sécurité et la Coopération en Europe (OSCE).

Hie war vu Januar 2016[2] bis Mäerz 2020, wéi hien a Pensioun goung,[3] Haffmarschall.

 Commons: Lucien Weiler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (lb) Lëtzebuerger Politik: Fréieren CSV-Politiker an Hofmarschall Lucien Weiler am Alter vu 74 Joer gestuerwen. RTL Lëtzebuerg (01.02.2026). Gekuckt den 01.02.2026.
  2. Communiqué de la nomination de M. Lucien Weiler à la fonction de Maréchal de la Cour monarchie.lu 15. Dezember 2015
  3. D'Yuriko Backes gëtt Maréchale de la Cour, gelies op rtl.lu den 29.4.2020
  4. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
  5. Kopie vun enger Säit vun der Chamber, am Webcache vu Google, mat der Lëscht vun de Gielercher vun der Chamber aus dem Joer 2004