Jean Asselborn

Vu Wikipedia
Jean Asselborn
Gebuer 27. Abrëll 1949
Stengefort
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch,
Université Nancy-II,
Stater Jongelycée
Aktivitéit Diplomat, Politiker, Jurist
Partei LSAP
Famill
Bestuet mat Sylvie Huber

De Jean Asselborn, gebuer de 27. Abrëll 1949 zu Stengefort, ass e lëtzebuergesche Politiker (LSAP). Hie war vun 2004 bis 2023, zulescht vum 5. Dezember 2018 bis de 17. November 2023 an der Regierung Bettel-Schneider-Braz (zum Schluss: Regierung Bettel-Lenert-Bausch), Ausseminister vu Lëtzebuerg.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

1967 huet de Jean Asselborn mat der Schoul opgehalen a goung an de Laboratoire vum Pneueproduzent Uniroyal schaffen. Hien huet sech fréi an der Gewerkschaftsbeweegung engagéiert a gouf Representant vun der Jugendsektioun vum Lëtzebuerger Aarbechterverband.

1968 gouf hie Gemengebeamte vun der Stad Lëtzebuerg, an 1969 vun der Gemeng Stengefort.

1976 huet hie seng Première am Kolléisch an der Stad gemaach, op déi e sech an Owescourse preparéiert hat. Hien huet dunn an der Verwaltung vum Stengeforter Spidol geschafft. Duerno huet hie sech op der Universitéit Nanzeg ageschriwwen an do 1981 eng Maîtrise a Privatrecht gemaach.

Tëscht 1982 an 2004 war de Jean Asselborn Buergermeeschter vu Stengefort.

1984 gouf de Jean Asselborn op der Lëscht vun der LSAP an d'Chamber gewielt an zanterhier all Kéier erëmgewielt, zulescht bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023[1]. 1989 gouf hie Fraktiounspresident vun der LSAP an der Chamber, an 1997 Parteipresident. Tëscht 1999 an 2004 war hie Vizepresident vun der Chamber. Hie war och Member vum Comité vun de Regiounen a Vizepresident vun der Europäescher Sozialistescher Partei.

Vun 2004 bis 2009 a vun do bis 2013 war de Jean Asselborn Vizepremierminister, Ausseminister a Minister fir Immigratioun an der Regierung Juncker-Asselborn I an II. 2013 huet hien an der Regierung Bettel-Schneider d'Portefeuillë vum Ausseminister a Minister fir Immigratioun an Asyl bäibehalen. Déi selwecht Portefeuillen hat hie vun 2018 bis 2023 an der Regierung Bettel-Schneider-Braz.

Privates[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Asselborn ass mat der Sylvie Huber bestuet, déi och op lokalpoliteschem Plang aktiv ass. Si war am Stengeforter Gemengerot an eng Zäit laang Schäffin. D'Koppel huet zwou Duechteren.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean Asselborn – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. elections.lu.
  2. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
  3. Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004
  4. Jean Asselborn à Berlin: entrevue avec Guido Westerwelle et remise de l'ordre du Mérite de la République fédérale d'Allemagne am 'BULLETIN D'INFORMATION ET DE DOCUMENTATION - GOUVERNEMENT DU GRAND-DUCHÉ DE LUXEMBOURG - [juillet-décembre] 2010'
  5. Artikel op Wort.lu iwwer dem Jean Asselborn seng Auszeechnung an der Légion d'honneur
  6. Jean Asselborn se voit décerner la grand-croix de l'ordre du Phénix de la République hellénique à Athènes