Regierung Bettel-Schneider-Braz/Bausch
D'Regierung Bettel-Schneider-Braz, respektiv, zanter dem 11. Oktober 2019, d' Regierung Bettel-Schneider-Bausch, ass eng Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng, déi aus de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 zu Lëtzebuerg ervirgaangen ass. Si baséiert um Koalitiounsaccord[1] tëscht dësen dräi Parteien, dee vun allen dräi de 4. Dezember 2018 guttgeheescht gouf[2]. De 5. Dezember 2018 gouf se vereedegt[3][4].
Et ass dëst déi selwecht Koalitioun wéi an der viregter Legislaturperiod, a se gëtt dofir, wéinst de Faarwe Rout, Blo a Gréng, déi d'Parteie symboliséieren, an aus Analogie zu deenen am Fändel vu Gambia, och alt Gambia II genannt.
Si besteet aus engem Premierminister a 16 Ministeren.
Den 11. Oktober 2019 koum et zu enger Ëmbildung, well de Justiz- a Vizepremier Felix Braz aus gesondheetleche Grënn seng ministeriell Tâche net weider erfëlle konnt.[5]
Inhaltsverzeechnes
Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]
Regierung Bettel-Schneider-Bausch - zanter dem 11. Oktober 2019[änneren | Quelltext änneren]
(Stand: 11 Oktober 2019)
- Xavier Bettel (DP): Premierminister; Minister fir Medien, Kommunikatioun a fir de Kultus; Minister fir Digitaliséierung; Minister fir Verwaltungsreform
- Etienne Schneider (LSAP): Vizepremierminister; Wirtschaftsminister; Gesondheetsminister;
- François Bausch (Déi Gréng): Vizepremierminister, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, Minister fir bannenzeg Sécherheet; Verdeedegungsminister
- Jean Asselborn (LSAP): Ausseminister a Minister fir Europäesch Affairen, Minister fir Immigratioun an Asyl;
- Romain Schneider (LSAP): Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Minister fir Sozialversécherung;
- Pierre Gramegna (DP): Finanzminister;
- Dan Kersch (LSAP): Minister fir Aarbecht a fir Solidarwirtschaft, Minister fir Sport;
- Claude Meisch (DP): Minister fir Erzéiung, Kandheet a Jugend; Minister fir Fuerschung, Héichschoulen a Beruffsausbildung.
- Corinne Cahen (DP): Ministesch fir Famill an Integratioun, Ministesch fir d'Groussregioun;
- Carole Dieschbourg (Déi Gréng): Ministesch fir Nohaltegkeet, Ëmwelt a Klima;
- Marc Hansen (DP), Minister fir d'Fonction publique an d'Relatioune mam Parlament; delegéierte Minister fir Digitalisatioun a fir d'Verwaltungsreform;
- Claude Turmes (Déi Gréng), Minister fir Landesplanung an Energie;
- Paulette Lenert (LSAP): Kooperatiounsministesch, Ministesch fir Konsumenteschutz;
- Sam Tanson (Déi Gréng), Ministesch fir Kultur; Justizministesch
- Taina Bofferding (LSAP): Inneministesch, Ministesch fir Chancëgläichheet;
- Lex Delles (DP): Minister fir de Mëttelstand an den Tourismus.
- Henri Kox: Minster fir de Logement; delegéierte Minister fir Verdeedegung; delegéierte Minister fir bannescht Sécherheet.
Regierung Bettel-Schneider-Braz - 5. Dezember 2018 - 11. Oktober 2019[änneren | Quelltext änneren]
- Xavier Bettel (DP): Premierminister; Minister fir Medien, Kommunikatioun a fir de Kultus;[6]
- Etienne Schneider (LSAP): Vizepremierminister; Aussenhandels- a Wirtschaftsminister; Gesondheetsminister;
- Félix Braz (Déi Gréng), Vizepremierminister, Justizminister;
- Jean Asselborn (LSAP): Ausseminister, Minister fir Immigratioun an Asyl;
- Romain Schneider (LSAP): Minister fir Landwirtschaft a Sozialversécherung;
- François Bausch (Déi Gréng): Minister fir Mobilitéit, Infrastrukturen, bannenzeg Sécherheet an Defense;
- Pierre Gramegna (DP): Finanzminister, Minister fir den Tresor an de Budget;
- Dan Kersch (LSAP): Minister fir Aarbecht a fir Solidarwirtschaft, Minister fir Sport;
- Claude Meisch (DP): Minister fir Erzéiung, Kandheet a Jugend; Minister fir Fuerschung, Héichschoulen a Beruffsausbildung.
- Corinne Cahen (DP): Ministesch fir Famill an Integratioun, Ministesch fir d'Groussregioun;
- Carole Dieschbourg (Déi Gréng): Ministesch fir Nohaltegkeet, Ëmwelt a Klima;
- Marc Hansen (DP), Minister fir d'Fonction publique an d'Relatioune mam Parlament; delegéierte Minister fir Digitalisatioun a fir d'administrativer Reform;
- Claude Turmes (Déi Gréng), Minister fir Landesplanung an Energie;
- Paulette Lenert (LSAP): Kooperatiounsministesch, Ministesch fir Konsumenteschutz;
- Sam Tanson (Déi Gréng), Ministesch fir Logement a Kultur;
- Taina Bofferding (LSAP): Inneministesch, Ministesch fir Chancëgläichheet;
- Lex Delles (DP): Minister fir de Mëttelstand an den Tourismus.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
"Assermentation des membres du gouvernement 2018." op gouvernement.lu, 2018-12-05.
- D'Lëtzebuerger Regierungen zanter 1848.(Stand: 2011).
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ "Accord de coalition 2018-2023" (PDF) op gouvernement.lu.
- ↑ "Signature de l'accord de coalition." Communiqué op gouvernement.lu, 03.12.2018.
- ↑ "Neue Regierungsmitglieder vereidigt." wort.lu, 05.12.2018.
- ↑ "Nei Regierung ass vereedegt." rtl.lu, 05.12.2018, 14:53:49.
- ↑ "Remaniement gouvernemental." Communiqué op gouvernement.lu, 2019-10-11.
- ↑ Arrêté grand-ducal du 5 décembre 2018 portant attribution des compétences ministérielles aux membres du Gouvernement.