Regierung Eyschen

Vu Wikipedia
De Paul Eyschen, Staatsminister vun 1888 bis 1915

D'Regierung Eyschen war zu Lëtzebuerg 27 Joer, vum 22. September 1888 bis den 12. Oktober 1915, wéi de Paul Eyschen gestuerwen ass, am Amt.

Nodeems de Staatsminister Édouard Thilges den 8. September 1888 aus gesondheetleche Grënn zeréckgetrueden ass[1], gëtt seng Regierung den 22. September 1888 opgeléist[2]. De Paul Eyschen, deen an der Regierung ënnert dem de Blochausen an ënnert dem Thilges Generaldirekter fir d'Justiz war, iwwerhëlt d'Presidence vun der Regierung. Hie bleift wärend 27 Joer, bis zu sengem Doud am Joer 1915, Staatsminister a presidéiert domat déi Regierung, déi bis haut, déi längst Zäit am Amt war.

Zesummesetzung vun der Regierung[änneren | Quelltext änneren]

Vum 22. September 1888 bis de 26. Oktober 1892[änneren | Quelltext änneren]

D'Regierung besteet weiderhin aus véier Generaldirektiounen, woubäi déi fréier Servicer aus der Direktioun „Justice“ opgedeelt a gréisstendeels an déi nei Direktioun „Travaux publics“ geprafft ginn:

  1. Affaires étrangères, dozou gehéiert ë. a. och: Force armée, Cultes, Fêles et cérémonies publiques, Agriculture, Commerce et industrie an elo neierdéngs och: Police générale, service de la gendarmerie
  2. Travaux publics, dozou gehéiert ë. a. och: Hygiène publique et service sanitaire, Travaux publics et bâtiments de l'État, Police des cours d'eau, Machines à vapeur an elo neierdéngs och: Chemins de fer
  3. Intérieur, dozou gehéiert ë. a. och: Administration des eaux et forêts, Police rurale et forestière, Police municipale, Enseignement primaire, Écoles normales, Mines
  4. Finances, dozou gehéiert ë. a. och: Contributions directes, accises et cadastre, Enregistrement et domaines, Douanes, Postes et télégraphes, Caisse d'épargne, Enseignement supérieur et moyen, Arts et sciences

D'Regierungsposte si follgendermoosse verdeelt:

Vum 26. Oktober 1892 bis den 23. Juni 1896[änneren | Quelltext änneren]

Den Thorn huet demissionéiert[4] an d'Affäre vun de Travaux publics ginn op déi aner Direktioune verdeelt[5]:

  1. Affaires étrangères, dozou gehéiert ë. a. och: Force armée, Cultes, Fêles et cérémonies publiques, Agriculture, Commerce et industrie, Police générale, service de la gendarmerie a provisoresch och: Travaux publics et bâtiments de l'État, Police des cours d'eau, Machines à vapeur
  2. Intérieur, dozou gehéiert ë. a. och: Administration des eaux et forêts, Police rurale et forestière, Police municipale, Enseignement primaire, Écoles normales, Mines a provisoresch och: Hygiène publique et service sanitaire
  3. Finances, dozou gehéiert ë. a. och: Contributions directes, accises et cadastre, Enregistrement et domaines, Douanes, Postes et télégraphes, Caisse d'épargne, Enseignement supérieur et moyen, Arts et sciences a provisoresch och: Chemins de fer

D'Generaldirektioune ginn assuréiert vun:

  • Paul Eyschen: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
  • Henri Kirpach: Generaldirekter fir den Interieur
  • Mathias Mongenast: Generaldirekter fir d'Finanzen

Vum 23. Juni 1896 bis de 25. Oktober 1905[änneren | Quelltext änneren]

Enn Juni 1896 gëtt nees eng véiert Generaldirektioun an d'Liewe geruff[6] an de Charles Rischard gëtt neie Generaldirekter fir d'Ëffentlech Aarbechten.

  1. Affaires étrangères, dozou gehéiert ë. a. och: Force armée, Cultes, Fêles et cérémonies publiques, Agriculture, Commerce et industrie, Police générale, service de la gendarmerie an elo neierdéngs och: Enseignement professionnel
  2. Intérieur, dozou gehéiert ë. a. och: Administration des eaux et forêts, Police rurale et forestière, Police municipale, Enseignement primaire, Écoles normales, Mines
  3. Finances, dozou gehéiert ë. a. och: Contributions directes, accises et cadastre, Enregistrement et domaines, Douanes, Postes et télégraphes, Caisse d'épargne, Arts et sciences
  4. Travaux publics, dozou gehéiert ë. a. och: Hygiène publique et service sanitaire, Travaux publics et bâtiments de l'État, Police des cours d'eau, Machines à vapeur, Chemins de fer

D'Regierungsekipp besteet elo aus:

  • Paul Eyschen: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen, (Aker- a Wäibau)
  • Henri Kirpach: Generaldirekter fir den Interieur
  • Mathias Mongenast: Generaldirekter fir d'Finanzen
  • Charles Rischard: Generaldirekter fir d'Ëffentlech Aarbechten[7]

Vum 25. Oktober 1905 bis den 9. Januar 1910[änneren | Quelltext änneren]

De Rischard huet seng Plaz als Generalkdirekter opginn, fir President vun der Cour supérieure de justice ze ginn. Hie gouf mam Charles de Waha ersat[8].

  • Paul Eyschen: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
  • Henri Kirpach: Generaldirekter fir den Interieur
  • Mathias Mongenast: Generaldirekter fir d'Finanzen
  • Charles de Waha: Generaldirekter fir d'Ëffentlech Aarbechten[9]

Vum 9. Januar 1910 bis den 3. Mäerz 1915[änneren | Quelltext änneren]

Well de Kirpach op de 1. Januar 1910 Member vum Staatsrot gouf, huet hie missen demissionéieren[10]. A seng Plaz koum de Pierre Braun, dee bis dohin Distriktskommissär war.

  • Paul Eyschen: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen, (Aker- a Wäibau)
  • Mathias Mongenast: Generaldirekter fir d'Finanzen
  • Charles de Waha: Generaldirekter fir d'Ëffentlech Aarbechten
  • Pierre Braun: Generaldirekter fir den Interieur[11]

Vum 3. Mäerz 1915 bis den 12. Oktober 1915[änneren | Quelltext änneren]

Uganks Mäerz 1915 gëtt de Braun Direkter vum Enregistrement an den de Waha Member vum Staatsrot. Si leeën hir Mandater néier[12][13] a gi mam Victor Thorn an Ernest Leclère ersat. D'Generaldirektioune ginn deels nei opgedeelt an nei genannt[14]:

  1. Affaires étrangères, dozou gehéiert ë. a. och: Force armée, Cultes, Fêles et cérémonies publiques, Agriculture, Commerce et industrie, Police générale, service de la gendarmerie, Enseignement professionnel an elo nei derbäi: Agriculture et viticulture, École agricole, Commerce, travail et industrie, Enseignement professionnel
  2. Finances, dozou gehéiert ë. a. och: Contributions directes, accises et cadastre, Enregistrement et domaines, Douanes, Postes et télégraphes, Caisse d'épargne, Arts et sciences
  3. Justice et travaux publics, dozou gehéiert ë. a. och: Police générale, service de la gendarmerie, Hygiène publique et service sanitaire, Travaux publics et bâtiments de l'État, Police des cours d'eau, Machines à vapeur, Chemins de fer
  4. Intérieur, dozou gehéiert ë. a. och: Administration des eaux et forêts, Police rurale et forestière, Police municipale, Enseignement primaire, Écoles normales, Mines et minières

D'Regierungsposte si follgendermoosse verdeelt:

  • Paul Eyschen: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
  • Mathias Mongenast: Generaldirekter fir d'Finanzen
  • Victor Thorn: Generaldirekter fir Justiz a d'Ëffentlech Aarbechten[15]
  • Ernest Leclère: Generaldirekter fir den Interieur[16]

De Staatsminister Eyschen stierft den 12. Oktober 1915 an de Mathias Mongenast iwwerhëlt dës Fonctioun fir e puer Wochen ad interim.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. cf. Guy Thewes, S. 52
  2. Legilux: Arrêté royal grand-ducal du 22 septembre 1888 accordant à M. Thilges démission honorable de ses fonctions de ministre d'État, président du Gouvernement. - Legilux, accessdate: 26 November 2023
  3. Legilux: Arrêté royal grand-ducal du 22 septembre 1888 portant nomination de M. P. Eyschen aux fonctions de ministre d'État, président du Gouvernement - Legilux, accessdate: 26 November 2023
  4. Legilux: Arrêté grand-ducal du 26 octobre 1892 qui accorde à M. Thorn démission honorable de ses fonctions de directeur général - Legilux, accessdate: 28 November 2023
  5. Legilux: Arrêté grand-ducal du 26 octobre 1892 concernant la répartition des services publics entre trois directions générales - Legilux, accessdate: 28 November 2023
  6. Legilux: Arrêté grand-ducal du 23 juin 1896 portant une nouvelle répartition des services publics - Legilux, accessdate: 28 November 2023
  7. Legilux: Arrêté grand-ducal du 23 juin 1896 portant nomination de M. Charles Rischard aux fonctions de directeur général des travaux publics - Legilux, accessdate: 28 November 2023
  8. Legilux: Arrêté grand-ducal du 25 octobre 1905 portant nomination de M. Charles de waha aux fonctions de directeur général des travaux publics - Legilux, accessdate: 28 November 2023
  9. Legilux: Arrêté grand-ducal du 25 octobre 1905 portant nomination de M. Charles de waha aux fonctions de directeur général des travaux publics - Legilux, accessdate: 28 November 2023
  10. Legilux: Arrêté grand-ducal du 9 janvier 1910 accordant démission honorable à M. H. Kirpach, Directeur général de l'intérieur - Legilux, accessdate: 28 November 2023
  11. Legilux: Arrêté grand-ducal du 9 janvier 1910 portant nomination de M. P. Braun aux fonctions de Directeur général de l'intérieur - Legilux, accessdate: 28 November 2023
  12. Legilux: Arrêté grand-ducal du 3 mars 1915 accordant démission honorable à M. P. Braun, Directeur général de l'intérieur - Legilux, accessdate: 28 November 2023
  13. Legilux: Arrêté grand-ducal du 3 mars 1915 accordant démission honorable à M. Charles de Waha, Directeur général des travaux publics - Legilux, accessdate: 28 November 2023
  14. Legilux: Arrêté grand-ducal du 3 mars 1915 portant une nouvelle répartition des services publics - Legilux, accessdate: 28 November 2023
  15. Legilux: Arrêté grand-ducal du 3 mars 1915 portant nomination de M. Victor Thorn aux fonctions de Directeur général de la justice et des travaux publics - Legilux, accessdate: 28 November 2023
  16. Legilux: Arrêté grand-ducal du 3 mars 1915 portant nomination de M. Ernest Leclère, aux fonctions de Directeur général de l'intérieur - Legilux, accessdate: 28 November 2023