Regierung Thorn-Vouel-Berg

Vu Wikipedia
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Regierung Thorn-Vouel ass aus de Chamberwale vum 26. Mee 1974 ervirgaangen. Et war eng Koalitiounsregierung aus DP an LSAP, déi de 15. Juli 1974 vereedegt gouf an aus 8 Ministeren an 3 Staatssekretäre bestanen huet. Et war dëst déi éischt Regierung zanter 30 Joer ouni CSV-Bedeelegung.

Den 21. Juli 1976 koum et zu enger éischter Ëmbildung, wéi de Raymond Vouel demissionéiert huet, fir Member vun der Europäescher Kommissioun ze ginn. De Benny Berg gouf Vizepresident vun der Regierung, an de Jacques Poos, deen nei derbäikomm ass, gouf Finanzminister amplaz vum Vouel.

Déi sou entstane Regierung Thorn-Berg gouf de 16. September 1977 eng lescht Kéier ëmgebilt, wéi de Marcel Mart zeréckgetruede war. De Gaston Thorn huet dem Mart seng Portefeuillë Wirtschaft a Mëttelstand iwwerholl (an de Sport dem Emile Krieps iwwerlooss). De Josy Barthel, deen nei bäikoum, krut den Transport an d'Energie, d'Ëmwelt an den Tourismus.

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Vum 15. Juli 1974 bis den 21. Juli 1976[änneren | Quelltext änneren]

  • Gaston Thorn (DP), President vun der Regierung, Staatsminister; Minister fir Aussebezéiungen, Aussenhandel; Minister fir Sport
  • Raymond Vouel (LSAP), Vizepresident vun der Regierung; Finanzminister
  • Marcel Mart (DP), Minister fir Wirtschaft, Minister fir Mëttelstand an Tourismus; Minister fir Transport an Energie
  • Emile Krieps (DP), Minister fir Gesondheet an Ëmwelt, Minister vun der Fonction publique; Arméiminister
  • Joseph Wohlfart (LSAP): Inneminister
  • Robert Krieps (LSAP): Minister fir Bildung, Justizminister, Kulturminister
  • Jean Hamilius (DP), Minister fir Landwirtschaft a Wäibau; Bauteminister
  • Benny Berg (LSAP): Minister fir Aarbecht a Sozialversécherung,Familljeminister; Minister fir Soziale Wunnengsbau a Sozial Solidaritéit
  • Albert Berchem (DP): Staatssekretär am Landwirtschafts- a Wäibauministère
  • Guy Linster (LSAP): Staatssekretär am Bildungsministère
  • Maurice Thoss (LSAP): Staatssekretär am Ministère fir Aarbecht a Sozialversécherung,Familljeminister; Minister fir Soziale Wunnengsbau a Sozial Solidaritéit

Vum 21. Juli 1976 bis de 16. September 1977[änneren | Quelltext änneren]

  • Gaston Thorn (DP), President vun der Regierung, Staatsminister; Minister fir Aussebezéiungen, Aussenhandel; Minister fir Sport
  • Benny Berg (LSAP), Vizepresident vun der Regierung; Minister fir Aarbecht a Sozialversécherung,Familljeminister; Minister fir Soziale Wunnengsbau a Sozial Solidaritéit
  • Marcel Mart (DP), Minister fir Wirtschaft, Minister fir Mëttelstand an Tourismus; Minister fir Transport an Energie
  • Emile Krieps (DP), Minister fir Gesondheet an Ëmwelt, Minister vun der Fonction publique; Arméiminister;
  • Joseph Wohlfart (LSAP): Inneminister
  • Robert Krieps (LSAP): Minister fir Bildung, Justizminister, Kulturminister
  • Jean Hamilius (DP): Minister fir Landwirtschaft a Wäibau; Bauteminister
  • Jacques Poos (LSAP): Finanzminister
  • Albert Berchem (DP): Staatssekretär am Landwirtschafts- a Wäibauministère
  • Guy Linster (LSAP): Staatssekretär am Bildungsministère
  • Maurice Thoss (LSAP): Staatssekretär am Ministère fir Aarbecht a Sozialversécherung,Familljeminister; Minister fir Soziale Wunnengsbau a Sozial Solidaritéit

Vum 16. September 1977 bis de 16. Juli 1979[änneren | Quelltext änneren]

  • Gaston Thorn (DP): President vun der Regierung, Staatsminister; Minister fir Aussebezéiungen an Aussenhandel; Minister fir Wirtschaft, Minister fir Mëttelstand.
  • Benny Berg (LSAP): Vizepresident vun der Regierung; Minister fir Aarbecht a Sozialversécherung,Familljeminister; Minister fir Soziale Wunnengsbau a Sozial Solidaritéit
  • Emile Krieps (DP): Minister fir Gesondheet, Minister vun der Fonction publique; Arméiminister; Sportminister
  • Joseph Wohlfart (LSAP): Inneminister
  • Robert Krieps (LSAP): Minister fir Bildung, Justizminister, Kulturminister
  • Jean Hamilius (DP): Minister fir Landwirtschaft a Wäibau; Bauteminister
  • Jacques Poos (LSAP): Finanzminister
  • Josy Barthel (DP): Minister fir Transport an Energie, Ëmweltminister, Tourismusminister
  • Albert Berchem (DP): Staatssekretär am Landwirtschafts- a Wäibauministère
  • Guy Linster (LSAP): Staatssekretär am Bildungsministère
  • Maurice Thoss (LSAP): Staatssekretär am Ministère fir Aarbecht a Sozialversécherung,Familljeminister; Minister fir Soziale Wunnengsbau a Sozial Solidaritéit

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]