Jacques Poos

Vu Wikipedia
Jacques Poos
Gebuer 3. Juni 1935
Lëtzebuerg
Gestuerwen 19. Februar 2022
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch,
Universitéit vu Lausanne
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Ekonomist, Banquier
Partei LSAP

De Jacques François Poos, gebuer den 3. Juni 1935 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 19. Februar 2022[1], war e lëtzebuergesche Politiker a Banquier.

Studien a berufflech Karriär[änneren | Quelltext änneren]

No senger Première am Kolléisch huet de Jacques Poos Commerce an Ekonomie op der HEC vu Lausanne studéiert.

1959 ass hien an de Staatsdéngscht getrueden. 1964 gouf en Direkter vum Tageblatt a blouf dat bis 1976, wéi e Minister gouf. 1974 gouf hie fir d'éischt Kéier, als Deputéierte vun der LSAP, an d'Chamber gewielt. 1976 gouf e Finanzminister an der Regierung Thorn-Berg.

No de Chamberwale vum 10. Juni 1979 war d'LSAP net méi un der Regierung bedeelegt an de Jacques Poos ass Deputéierte bliwwen. Hie gouf Direkter vun der Banque continentale an duerno vun der Banque Paribas.

1984 koum et no de Chamberwalen zu enger Koalitiounsregierung vun CSV an LSAP ënner dem Jacques Santer als Premierminister an de Jacques Poos gouf Vizepremier an Ausseminister. Déi Koalitioun gouf 1989 (Regierung Santer-Poos II) an 1994 (Regierung Santer-Poos III, vun 1995 u Juncker-Poos) verlängert. De Jacques Poos huet seng Ministeschplaze behalen.

1999 war de Jacques Poos net méi Spëtzekandidat vu senger Partei. Hie gouf als Deputéierten an d'Europäescht Parlament gewielt.

2004 huet hie sech aus der aktiver Politik zeréckgezunn. Hie war am Verwaltungsrot vun der BNP Paribas (Luxembourg), vun der Lëtzebuerger Zentralbank, vun der Bank of China (Luxembourg) a vum Fluchhafen Athen-Eleftherios Venizelos.[2]

Eclat mam Tageblatt 2013[änneren | Quelltext änneren]

Als fréieren Direkter vum Tageblatt, ass hien am Juni 2013 net op d'Honnertjoerfeier vun deem Blat gaangen[3].

An engem oppene Bréif un d'Daniele Fonck, Direktesch vun der Zeitung, wërft hien hir an dem Alvin Sold, deen hie mat der Marine Le Pen vergläicht, eng regierungsfeindlech, antieuropäesch a populistesch Politik vir, déi net nëmmen der Zeitung mä och der LSAP géif schueden[4]. Si géifen d'Tageblatt just nach als Forum fir Trotzkisten, Neokommunisten an aner Mélenchoniste mëssbrauchen. De Jacques F. Poos fillt sech och vu senger fréierer Zeitung zenséiert.

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

De Jacques Poos war bestuet an hat dräi Kanner.

Hien ass den 19. Februar 2022 am Alter vu 86 Joer gestuerwen[1].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jacques Poos – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Jacques Poos ass am Alter vu 86 Joer verscheet." rtl.lu, 19.02.2022.
  2. Memorial C Nr 1453 vum 28. Juli 2009
  3. Échauffourées au Tageblatt paperjam.lu 19. Juni 2013, gekuckt den 19. Februar 2022
  4. Lettre ouverte de Jacques Poos à Daniele Fonck, Directrice Générale d'Editpress paperjam.lu 19.Juni 2013, gekuckt den 19. Februar 2022