Populismus
De Populismus (vum laténgesche populus, "Vollek") ass eng politesch Ideologie an e Politikstil. Der Ideologie no ginn déi gutt Bierger vun enger klenger Elite schlecht behandelt; déi Elite ka gestierzt gi wann d'Bierger d'Gefor erkennen a sech zesummendinn. D'Elite géif op eng illegitim Manéier op d'Rechter, d'Wäerter an d'Stëmm vum legitimme Vollek trëppelen. Et ass och e Politikstil, an deem Sënn, datt e kann eng politesch Rhetorik sinn, fir un d'Muecht ze kommen.
De Populismus ass markéiert vum Refus vun der Elite a vun den Institutiounen, Anti-Intellektualismus, engem no baussen onpoliteschen Optrieden, Beruffen op de "gesonde Mënscheverstand", Polariséierung, Personaliséierung a Moraliséierung.
Meescht probéiert e charismatesche Leader eng direkt Relatioun tëscht sech an der Mass vun de Leit hierzestellen a sou d'Ënnerstëtzung vum Vollek ze kréien.
De Populismus huet kee bestëmmten, eegene Wäertsystem mat engem ideologesche Kär deen e vun aneren Ideologien ënnerscheet. Dofir kann ee populistesch Rhetoriken a ganz ënnerschiddleche Richtunge fannen, zum Beispill Rietspopulismus (wéi bei der Alternative für Deutschland) oder Lénkspopulismus (wéi beim Hugo Chávez).
Hautdesdaags huet de Begrëff eng éischter negativ Connotatioun a gëtt dacks als Synonym vum Begrëff Demagogie benotzt.