Alternative für Deutschland
Logo | Parteizentral |
---|---|
![]() |
Schillstraße 9 10785 Berlin ![]() |
Basisdonnéeën | |
Grënnungsdatum: | 6. Februar 2013 |
Memberen: | 20.706 (Abrëll 2016)[1] |
Europäesch Affiliatioun: | Europa vun der Fräiheet an der direkter Demokratie |
Websäit: | www.alternativefuer.de |
D'Alternative für Deutschland (kuerz: AfD) ass eng däitsch politesch Partei, déi 2013 als Reaktioun op d'Rettungspolitik vun der Eurozon duerch d'Europäesch Unioun gegrënnt gouf.
Ufanks nach éischter als wirtschaftsliberal bezeechent, gëtt d'AfD haut am politesche Spektrum riets vun der CDU/CSU situéiert a gëllt als rietspopulistesch oder rietspopulistesch beaflosst.
Hiren éischte Succès waren iwwerregional Mandater bei der Europawal 2014. Zënterhier sëtzt si och an de Landesparlamenter vu verschiddenen däitsche Bundeslänner. Bei de Bundestagswalen 2013 krut si 4,7 % vun de Stëmmen, ass awer trotzdeem net an den Däitsche Bundestag komm, well dat an Däitschland eréischt mat 5 % oder méi vun de Stëmme méiglech ass (déi sougenannt "Fünf-Prozent-Hürde").
Hire gréisste Succès huet d'AfD bei de Bundestagswalen 2017 erlieft, wéi si 12,6 % vun de Stëmme a 94 Sëtz krut.[2] E puer Deeg no der Wal ass d'Parteicheffin Frauke Petry aus der Partei ausgetrueden, well hir d'Richtung, an där d'Partei sech géif beweegen, net gefall huet.[3],[4] Och schonn de fréier Parteichef Bernd Lucke hat am Juli 2015 d'Partei aus dem selwechte Grond verlooss an ouni grousse Succès eng eege Partei gegrënnt.[5]
Parteicheffe vun der AfD
D'Cheffen ("Bundessprecher") vun der AfD zënter der Partei hirer Grënnung waren:
- 2013-2015: Konrad Adam, Frauke Petry, Bernd Lucke
- 2015-2017: Frauke Petry, Jörg Meuthen
- 2017-2019: Jörg Meuthen, Alexander Gauland
- 2019-2022: Jörg Meuthen, Tino Chrupalla
- 2022- haut: Tino Chrupalla, Alice Weidel
Um Spaweck
Commons: Alternative für Deutschland – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- ↑ Alternative für Deutschland (Hg.): "AfD Kompakt". Informatiounsbréif vum Bundesverbandes vun der Alternative für Deutschland. Ausgab 03/16 vum 22. April 2016, S. 6.
- ↑ Spiegel Online: Union verliert deutlich, SPD schwach wie nie, AfD auf Platz drei (24. September 2017
- ↑ Manager Magazin: Frauke Petrys kalkulierter Abgang (25. September 2017)
- ↑ Spiegel Online: AfD bangt um ihre Mitte (29. September 2017)
- ↑ Spiegel Online: Spekulation über neue Petry-Partei (27. September 2017)