Regierung Santer-Poos I

Vu Wikipedia

D'Regierung Santer-Poos I war eng Koalitiounsregierung aus CSV an LSAP, déi aus de Chamberwale vum 17. Juni 1984 ervirgaange war. Si ass den ass den 20. Juli 1984 vereedegt ginn an huet aus 9 Ministeren an 3 Staatssekretäre bestanen.

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

  • Jacques Santer (CSV): Premierminister; Staatsminister; Finanzminister
  • Jacques Poos (LSAP): Vizepremierminister; Ausseminister, Minister fir Aussenhandel a Kooperatioun; Minister fir Wirtschaft a Mëttelstand; Budgetsminister. Vum 15. Juli 1988 un, och Gesondheetsminister[1].
  • Benny Berg (LSAP): Minister fir Gesondheet a Sozial Sécherheet. Hien huet de Poste vum Gesondheetsminister de 15. Juli 1988 opginn[2]; de Ressort gouf vum Jacques Poos iwwerholl[1].
  • Robert Krieps (LSAP): Minister fir Justiz; Minister fir Kultur; Minister fir Ëmwelt
  • Fernand Boden (CSV): Minister fir Erzéiung; Minister fir Tourismus
  • Jean Spautz (CSV): Inneminister; Familljeminister; Minister fir soziale Wunnengsbau a sozial Solidaritéit
  • Jean-Claude Juncker (CSV): Aarbechtsminister, Delegéierte Finanzminister (zoustänneg fir de Budget)
  • Marcel Schlechter (LSAP): Minister fir Transport, Minister fir ëffentlech Aarbechten; Energieminister
  • Marc Fischbach (CSV): Minister fir Landwirtschaft a Wäibau; Arméiminister; Minister vun der Ëffentecher Verwaltung; Sportminister
  • Johny Lahure (LSAP): Staatssekretär fir Wirtschaft
  • René Steichen (CSV): Staatssekretär fir Landwirtschaft a Wäibau
  • Robert Goebbels (LSAP): Staatssekretär fir Aussebezéiungen, Aussenhandel a Kooperatioun, Staatssekretär fir de Mëttelstand

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Arrêté grand-ducal du 15 juillet 1988 modifiant l'arrêté grand-ducal du 26 juillet 1984 portant attribution des départements ministériels aux Membres du Gouvernement op legilux.lu, gekuckt de 16. Februar 2019
  2. Arrêté grand-ducal du 15 juillet 1988 accordant démission à Monsieur Benny BERG en tant que Ministre de la Santé op legilux.lu, gekuckt de 16. Februar 2019