Op den Inhalt sprangen

Robert Goebbels

Vu Wikipedia
Robert Goebbels
Gebuer 3. Abrëll 1944
Lëtzebuerg
Gestuerwen 5. Januar 2026
Saint Vincent an d'Grenadinnen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Journalist
Partei LSAP
Fonctioun Gemengeconseiller, Europadeputéierten, Wirtschaftsminister vu Lëtzebuerg, Staatssekretär
Famill
Bestuet mat Annette Luck
Geschwëster Jaya, Annette, Raymond
Kanner Joanne Goebbels, Gil Goebbels
Rue Robert Goebbels zu Schengen

De Robert Goebbels, gebuer den 3. Abrëll 1944 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 5. Januar 2026 op Saint Vincent an d'Grenadinnen[1], war e lëtzebuergesche Politiker (LSAP).

No senger Ausbildung huet de Robert Goebbels als Journalist geschafft a war vun 1972 bis 1974 President vun der Association luxembourgeoise des journalistes (ALJ). Vun 1970 bis 1975 war hie Generalsekretär vun der Lëtzebuerger Sozialistescher Aarbechterpartei (LSAP).

De Robert Goebbels war vun 1966 u Member an der Stater Sektioun vun der LSAP a fir si tëscht 1976 a 1984 an dann erëm vun 2000 bis 2005 am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.

1984 gouf hie Staatssekretär fir Aussebezéiungen a Staatssekretär fir Wirtschaft a Mëttelstand an der Regierung Santer-Poos I. An där Funktioun huet hien 1985 op der Marie-Astrid d'Schengener Ofkommes fir Lëtzebuerg ënnerschriwwen. Duerno, 1989, gouf hien an der Regierung Santer-Poos II Minister fir Ekonomie, Transport an ëffentlech Bauten. 1994, an och, vun 1995 un, war hien an der Regierung Juncker-Poos, Minister fir ëffentlech Bauten an Energie.

Bei de Wale vun 1999 gouf de Robert Goebbels als Deputéierten an d'Europäescht Parlament gewielt. Do gouf hie Vizepresident vun der Partei vun den Europäesche Sozialisten. Seng Schwéierpunkte ware virun allem Wirtschafts- a Finanzdossieren. Bei de Wale vun 2004 an deene vun 2009 gouf en erëmgewielt.

De Robert Goebbels hat seng eegen Talk-Show, déi um .dok diffuséiert gouf.

Hie war Generalkommissär vum Lëtzebuerger Pavillon op der Expo 2010 zu Shanghai.

Vun Abrëll 2016[2] bis Juni 2020 war hie President vum Verwaltungsrot vum Luxembourg High Security Hub[3] a vun 2017 bis zu sengem Doud Verwaltungsrotsmember vun der China Everbright Bank (Europe).

Schonn zu Liefzäite gouf hien zu Schengen mat enger Strooss geéiert.

De Robert Goebbels war mat der Annette Luck bestuet, d'Koppel hat zwee Kanner: de Gil an d'Joanne.

De Robbert Goebbels 1985 am Europaparlament.
 Commons: Robert Goebbels – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Familljenannonce am Luxemburger Wort vum 21. Januar 2026, S. 28
  2. "Le Freeport disponible à la vente." wort.lu, 25. Abrëll 2016 um 16:00.
  3. "Robert Goebbels: 'Der Freeport braucht eine andere Strategie'." wort.lu, 22.06.2020,