MS Princesse Marie-Astrid
MS Pricesse Marie-Astrid (2010) | |
---|---|
Technesch Donnéeën (Iwwerbléck) | |
Schëffstyp: | Passagéierschëff Galerieschëff |
Asaz: | Flosscroisièren |
Baujoer an Daf: | 2010 |
Längt: | 60 m |
Breet: | 11,40 m |
Déifgang: | 1,40 m |
Passagéier: | 500 |
Salon ënnen: | 108 Sëtzplazen |
Salon uewen: | 102 Sëtzplazen |
Haaptmotor (Diesel): | 2 Volvo Penta D12-500 2 x 368 kW bei 1800 Ëmdréiungen/Minutt |
Undriff: | Schottel-Ruderpropeller SRP 200 |
Stroumaggregater: | 2 x Volvo D9-M9, 2 x 239 kW |
Generator: | Ee Leroy-Sommer, 1 x 250 kVA |
Bugstralrudder: | 1 Schottel Pump-Jet SPJ 57 RD |
Werft: | Lux-Werft und Schiffahrt GmbH |
Proprietär: | Entente touristique de la Moselle Luxembourgeoise asbl |
Präis: | 6 Milliounen Euro |
MS Princesse-Marie-Astrid ass den Numm vu bis ewell fënnef Touristeschëffer, déi haaptsächlech op der Lëtzebuerger Musel, mä och mol um Rhäin oder op der Saar fueren, respektiv gefuer sinn. Gefuer gëtt vun der Musel bis op de Rhäin, méi genee vu Sierck-les-Bains iwwer Schengen, Réimech, Waasserbëlleg bis op Bernkastel oder iwwer d'Saar bis op Mettlach. Se goufen alleguer an der “Lux-Werft” zu Mondorf bei Bonn gebaut.
Den Numm geet op d'Prinzessin Marie-Astrid vu Lëtzebuerg zeréck.
Op der MS Princesse Marie-Astrid 2 gouf de 14. Juni 1985 d'Schengener Ofkommes ënnerschriwwen.
MS Princesse Marie-Astrid 1
[änneren | Quelltext änneren]Déi 1. "Marie-Astrid" gouf den 28. Mee 1966 zu Waasserbëlleg gedeeft a war 36,80 m laang a 6,50 m breet. Si war fir 350 Passagéier zougelooss. Den 21. Juli 1984 huet e Brand d'Schëff zu Gréiwemaacher staark beschiedegt. D'Schëff ass no der Reparatur awer weider op der Musel ënner dem Numm MS Musel III gefuer.[1] Haut fiert et als MS Le Sax zu Dinant.[2],[3]
MS Princesse Marie-Astrid 2
[änneren | Quelltext änneren]D'"Marie-Astrid 2" gouf de 6. Abrëll 1985 gedeeft an a Betrib geholl. D'Schëff ass fir 250 Persounen zougelooss, huet 1 Haaptdeck mat enger Danzpiste an 150 Plazen an e Sonnendeck och mat 150 Plazen. Dat Schëff, op deem 1985 d'Schengener Ofkommes an 1990 e Vertrag, deen d'Ëmsetzung vum Ofkommes reegelt, ënnerschriwwe goufen, ass 1992 un eng däitsch Firma vu Regensburg verkaaft ginn. Et ass bis 2021 ënner dem Numm MS Regensburg op der Donau gefuer an huet zu der Klingerflotte gehéiert[4].[5]
2019, wéi d'Schëff zum Verkaf stoung, huet d'Gemeng Schengen Interessi gewise fir et zeréckzekafen a gouf dobäi och vum Tourismusministère ënnerstëtzt. Am Mee 2021 gouf dunn e Virkafsrecht ënnerschriwwen. D'Schëff soll, no enger Renovéierung, vun 2025 un zu Schengen als Muséesschëff déngen. Am Schëff soll eng Ausstellung iwwer de Schengener Vertrag an déi oppe Grenzen am Raum Schengen ageriicht ginn. Zu Schengen soll och en eegene Quai fir d'Schëff gebaut ginn. De Präis vum Schëff gëtt zu 100 % vum Staat iwwerholl.[6],[7]
Zum 40. Joresdag vum Schengener Ofkommes gëtt d'Schëff zu engem schwammenden Theater ëmgebaut a wäert wuel déi meeschten Zäit um Quai zu Schengen leien. Hei wäert och en Europamusée entstoen.[8]
Technesch Detailer: Längt: 40,50 m - Breet: 7,20 m - Déifgang: 0,85 m - Motor: 2 x 241 PS
MS Princesse Marie-Astrid 3
[änneren | Quelltext änneren]Déi 3. "Marie-Astrid" gouf den 10. Abrëll 1993 a Betrib geholl an de 24. Abrëll 1993 offiziell vun der Prinzessin Marie-Astrid ageweit. D'Schëff war am Géigesaz zu sengen zwéi Virgänger méi luxuriéis gebaut an hat domat och e vill méi grousse kommerziellen Erfolleg. Et war an enger spezieller Bauweis als "Galerieschëff" gebaut, dat éischt vun där Bauweis an Däitschland an op der Musel. Mat enger Längt vun 48,5 m an enger Breet vun 10,5 m hat et Plaz fir 350 Passagéier. Zwee MAN D 2866 TE-Motoren mat jee 300 PS hunn d'Schëff ugedriwwen.
De 15. November 1999 gouf d'Schëff un d'Firma Strack iwwerginn. Et war duerno bis 2003 zu Mainz als "MS Gutenberg" a Betrib.
Zanter 2004 ass et zu Hamburg ënner dem Numm MS River Star op der Elbe am Asaz.[5],[9],[10]
MS Princesse Marie-Astrid 4
[änneren | Quelltext änneren]Déi 4. "Marie-Astrid" gouf de 25. Mäerz 2000 a Betrib geholl. Mat enger Längt vu 60 m an enger Breet vun 11,2 m hat et Plaz fir bis zu 500 Passagéier. Operetten a Musicale goufen drop opgefouert. D'Schëff fiert elo ënner dem Numm MS Rheinprinzessin bei der Bonner Personen Schiffahrt um Rhäin.[5],[11]
MS Princesse Marie-Astrid 5 (2010)
[änneren | Quelltext änneren]D'Aarbechten um Bau vun der 5. "Marie-Astrid" hunn am August 2009 ugefaangen. Do woussten d'Aarbechter schonn, datt et komplizéiert wäert sinn fir mat Zäit fäerdeg ze ginn. Et war net einfach an der Keelt effektiv ze schaffen, mä si konnten d'Zäit nohuelen andeems se méi Personal engagéiert hunn. Am Ganze gouf et 170 Aarbechter, 50 vun der Lux-Werft an 120 vun aner Firmaen.
Dat fënneft Marie-Astrid Schëff gouf den 10. Abrëll 2010 zu Gréiwemaacher vun der Prinzessin Marie-Astrid vu Lëtzebuerg a Presenz vun hirem Mann, dem Äerzherzog Carl Christian vun Éisträich an de Ministesche Françoise Hetto an Octavie Modert gedeeft. D'Schëff huet déi selwecht Längt wéi dat virdrun (60 Meter), ass awer 20 Zentimeter méi breet, also 11,40 Meter. Et huet Sëtzplaze fir 200 Persounen, et kënnen awer bis zu 500 Leit transportéiert ginn. Et huet, par Rapport zu sengem Virgänger, méi grouss Fënsteren an en eenheetleche Stil. Et gëtt keng fest montéiert Bänken, fir méi Plaz ze hu fir ze feieren.
D'MS Princesse Marie-Astrid 5 huet 6 Milliounen Euro kascht, dovu goufen 1,7 Millioune vun e puer Muselgemenge finanzéiert an de Rescht vun der Entente touristique de la Moselle a vum Tourismusministère.
Soss
[änneren | Quelltext änneren]Fir Ouschteren 2007 gouf zu Gréiwemaacher e 36 m laangen an 2.591.664,8 Euro, deiere Quai fir d'MS Princesse Marie-Astrid fäerdeg. E besteet aus engem grousse Ponton an erlaabt et de Passagéier, einfach a bei all Peegelstand u Bord ze goen.[12]
De Ponton gouf vu Mëtt Februar 2016 bis den 9. Mäerz 2016 zu Gréiwemaacher ofmontéiert an zu Tréier an enger Werft inspizéiert a renovéiert.[13]
50. Anniversaire
[änneren | Quelltext änneren]De 16. Abrêll 2016 gouf a Presenz vun der Prinzessin Marie-Astrid vu Lëtzebuerg de 50. Anniversaire vun der Aweiung vun der éischter MS Princesse Marie Astrid gefeiert. D'Prinzessin war bis elo och bei all Daf vun de Schëffer mam Numm Princesse Marie-Astrid dobäi.[14],[15]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: MS Princesse Marie-Astrid 1, elo MS Le Sax – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: MS Princesse Marie-Astrid 2, elo MS Regensburg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: MS Princesse Marie-Astrid 3, elo MS River Star – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: MS Princesse Marie-Astrid 4, elo MS Rheinprinzessin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: MS Princesse Marie-Astrid 4 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: MS Princesse Marie-Astrid 5 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Entente touristique de la Moselle: www.marie-astrid.lu
- 50 Jahre "Marie-Astrid" - Der Stolz einer ganzen Region op wort.lu vum 9. Abrëll 2016
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'MS Musel III am Bild
- ↑ Von der "Marie Defizit" zum Aushängeschild der Region am Luxemburger Wort vum 9. Abrëll 2016
- ↑ MS Le Sax vun Dinant Evasion
- ↑ Ein Schiff schreibt Geschichte Archivéiert de(n) 2009-10-22. Gekuckt de(n) 2010-03-26.
- ↑ 5,0 5,1 5,2 Richard, M., 2017. Aus dem Winterschlaf erwacht. Für die "MS Princesse Marie-Astrid" beginnt morgen mit einer "Après-Ski" Party die neue Saison. Luxemburger Wort vum 16 Mäerz 2017, S. 26.
- ↑ Volker Bingenheimer: "Historisches Schiff kommt zurück nach Schengen." wort.lu, 6. Mee 2021; Stahl gewordenes Bekenntnis, Die historische MS Princesse Marie-Astrid soll in Schengen ein Ort der Erinnerung werden, Luxemburger Wort, 8. Mee 2021, S. 30-31.
- ↑ Diana Hoffmann: "D'MS Marie-Astrid II kënnt nees Heem." rtl.lu, 06.05.2021.
- ↑ Volker Bingenheimer, Italiener gewinnen mit interaktivem Würfel wort.lu [€] , 8.12. 2023, gekuckt, den 12.1.2023, Die "Marie-Astrid" wird zum schwimmenden Theater, Luxemburger Wort, 9./10.12.2023, S.22
- ↑ D'MS River Star am Bild
- ↑ (sjp), Von der Mosel auf die Elbe. Zuerst Prinzessin, dann Stern op wort.lu, 14.2.2018
- ↑ MS Rheinprinzessin
- ↑ Luxemburger Wort, 28. 3. 2007 Archivéiert de(n) 2013-10-08. Gekuckt de(n) 2010-04-08.
- ↑ Moselkai in Grevenmacher - Die Schiffsbrücke kehrt zurück op wort.lu vum 7. Mäerz 2016
- ↑ Schiffsjubiläum - Prinzessin Marie-Astrid macht Familienausflug an die Mosel op wort.lu den 18. Abrëll 2016
- ↑ Bucher Heike, Die schwimmende Prinzessin, Bäilag zur Revue 16/16, 20. 04.2016, S. 19-21.