Octavie Modert

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Octavie Modert (2016).

D'Octavie Modert, gebuer de 15. November 1966 zu Gréiwemaacher, ass eng lëtzebuergesch Politikerin.

No hirer Première am Iechternacher Lycée huet d'Octavie Modert Droit op der Université Robert Schuman vu Stroossbuerg studéiert an 1991 e Master of Arts in European Studies op der Universitéit vu Reading gemaach.

D'Octavie Modert huet kuerz fir d'Parlamentsfraktioun vun der CSV geschafft an ass 1992 an de Staatsministère gewiesselt. 1998 gouf si zur Generalsekretärin vum Regierungsrot ernannt. Parallel dozou war si d'Kabinettscheffin vum Premier Jean-Claude Juncker. Dat Joer drop gouf si als éischt Fra zu Lëtzebuerg Première conseillère de gouvernement genannt.

Zanter 1986 engagéiert d'Octavie Modert sech an der CSV an hiren Ënnerorganisatiounen, der CSJ an den CSF. 2004 gouf si eng éischt Kéier an d'Chamber gewielt an zanterhier, 2009 an 2013, erëmgewielt. 2004 huet si op hiert Chambermandat verzicht a gouf, bis 2009 Staatssekretärin fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung a Staatssekretärin fir Kultur, Héichschoulen a Fuerschung, an och fir d'Relatioune mam Parlament, an der Regierung Juncker-Asselborn I.

An der Regierung Juncker-Asselborn II war si vun Ufank bis den 29. Abrëll 2013 Ministesch fir Kultur, Ministesch fir d'Bezéiunge mam Parlament, Ministesch fir d'Verwaltungsreform an Delegéiert Ministesch vun der Fonction publique. Duerno, vum 30. Abrëll 2013 bis den 3. Dezember 2013 war si Ministesch fir Justiz a weiderhi Ministesch fir d'Fonction publique a fir d'Verwaltungsreform.[1]

Zënterhir ass si Deputéiert an der Chamber.

Tëscht November 2009 a Januar 2014 war si, zesumme mam Claude Wiseler, Vizepresidentin vun der CSV.

D'Octavie Modert ass mam Jemp Stronck, Wënzer zu Greiweldeng bestuet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Octavie Modert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Remaniement ministériel." Communiqué vun der Regierung, 27-04-2013 op gouvernement.lu.