Chrëschtlech-Sozial Jugend

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) CSJ)
Logo Adress
2, Waassergaass
L-1449 Luxembourg
Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 1953
President: Metty Steinmetz
1. Vizepresident: Marie Laure Goeres
2. Vizepresident: Sarah Moreira
Generalsekretär: Laurent Braun
Tresorier:
Internationale Sekretär:
Websäit: www.csj.lu
CSJ-Jugendlogo 2011-2022

Déi Chrëschtlech-Sozial Jugend, d'CSJ, ass eng autonom Ënnerorganisatioun vun der Chrëschtlech Sozialer Vollekspartei déi 1953 gegrënnt gouf[1][2]. Se huet en eegenen Organisatiounsstatut.

D'Zil vun der CSJ ass d'politescht Engagement fir de Respekt vun der Dignitéit vum Mënsch a fir eng gerecht a solidaresch, demokratesch an tolerant, verantwortungsvoll a leeschtungsfäeg Gesellschaft wéi se vun de chrëschtlech-sozialen Idealen empfuele gëtt (an déi an der Charta vun der Grondprinzipien vun der CSJ geschriwwe stinn). Se refuséiert a bekämpft all System oder Regime, deen d'Rechter a Fräiheete vum Mënsch mëssuecht a blesséiert[3].

Déi héchst Organisatiounsinstanz ass den Nationalkongress. Do drënner gëtt et den Nationalcomité, den Exekutivbureau vum Nationalcomité an d'Kontrollkommissioun[4]

D'CSJ huet no eegenen Zuelen eng 1.000 Memberen.

Presidenten a Generalsekretären[änneren | Quelltext änneren]

President Generalsekretär
???
... - 2004 Charel Schmit[1]
2002 - 2004 Laurent Zeimet[5] Gilles Bley
2004 - 2006 Gilles Bley[6] Mia Petitjean-Aouadi
2006 - 2008 Gilles Bley[7] Serge Wilmes
2008 - 2014 Serge Wilmes Georges Weber
2014 - 2016 Charel Hurt[2] Fréd Ternes
2016 - 2018 Elisabeth Margue[8] Yannick Glod
2018-2023 Alex Donnersbach[9] Basile Dell
2023- Metty Steinmetz [10] Laurent Braun

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Aktiv CSJ op csj.lu den 12. Abrëll 2003, fir d'lescht gekuckt den 8. Dezember 2018
  2. 2,0 2,1 "Charel Hurt neuer Vorsitzender der CSJ". Wort.lu, 01.02.14 14:59.
  3. Artikel 4 vun de CSJ-Statuten; fir d'lescht gekuckt den 8. Dezember 2018
  4. Artikel 52 vun de CSJ-Statuten; fir d'lescht gekuckt den 8. Dezember 2018
  5. CSJ Nationalkongress zu Hesper op csj.lu den 28. Mäerz 2003, fir d'lescht gekuckt den 8. Dezember 2018
  6. Eng nei Equipe op csj.lu de 16. Oktober 2004, fir d'lescht gekuckt den 8. Dezember 2018
  7. Eng nei CSJ-Equipe op csj.lu den 9. November 2006, fir d'lescht gekuckt den 8. Dezember 2018
  8. Nationalkongress der christlich-sozialen Jugend: CSJ wählt neue Präsidentin op wort.lu de 27. Februar 2016, fir d'lescht gekuckt den 8. Dezember 2018
  9. Alex Donnersbach neuer CSJ-Präsident op wort.lu den 8. Dezember 2018
  10. (de)Wie die CSV ihre Verjüngung gegen ihre Gegner einsetzt. luxemburger-wort-online (2024-03-02). Gekuckt de(n) 2024-03-02.