Op den Inhalt sprangen

Laurent Zeimet

Vu Wikipedia
Laurent Zeimet
Gebuer 12. Oktober 1974
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Köln,
Universitéit Panthéon-Sorbonne
Aktivitéit Politiker, Journalist
Partei CSV
Fonctioun Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber, Buergermeeschter vu Beetebuerg
Member vun Syndicat des villes et communes luxembourgeoises

De Laurent Zeimet, gebuer den 12. Oktober 1974, ass e lëtzebuergesche Jurist, Journalist a Politiker (CSV).

Liewen a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

Hien ass an enger Beetebuerger Bäckerfamill opgewuess an huet säi Secondairesstudium am Lycée Robert-Schuman an am Kolléisch an der Stad gemaach. Duerno huet hien Droit zu Paräis an zu Köln studéiert. Vun 2004 bis 2012 war hie Redakter fir Innepolitik beim Luxemburger Wort.[1]

Hier war vum 14. November 2011 bis de 6. Februar 2026 Buergermeeschter vun der Gemeng Beetebuerg[2][3] a vu Mäerz 2012[4] bis Januar 2019[5] Generalsekretär vun der CSV.

De 4. November 2014 ass hien, als Folleg vu senger Kandidatur bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013, op d'Plaz vum Jean-Claude Juncker, dee President vun der Europäescher Kommissioun gouf, als Deputéierten an d'Chamber nogerëtscht[6]. Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 huet hie säi Sëtz verluer[7], ma gouf bei deene vum 8. Oktober 2023 nees an d'Chamber gewielt.

Hie war Member am Comité vum Syvicol an huet säin Mandat am Abrëll 2022 opginn, wéi hie Member vum Staatsrot gouf[8][9]. Dëst Mandat huet hien de 24. Oktober 2023 nees ofginn, fir Deputéierten ze ginn.

Nodeems den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz Enn 2025 Minister gouf, huet de Laurent Zeimet deem seng Roll an der Chamber iwwerholl. Kuerz dono huet hien och ugekënnegt, säi Buergermeeschteschmandat zu Beetebuerg opzeginn[10], a gouf de 6. Februar 2026 vum Jean-Marie Jans an där Fonctioun ofgeléist[3].

De Laurent Zeimet ass bestuet a Papp vun dräi Kanner[8].

  • Thomas, Bernard 2024. « Conforme. Uniforme. Chloroforme ». Le député-maire Laurent Zeimet (CSV) est tiraillé entre ses obligations de «soldat de parti» et la tentation d'assumer un rôle de franc-tireur. Portrait du président de la commission spéciale « Caritas ». Land vum 8. November 2024, S. 7.
 Commons: Laurent Zeimet – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Marc Spautz
Generalsekretär vun der CSV
2012 - 2019
Nofollger:
Félix Eischen

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Forum N° 249, S. 49
  2. Datum vun der Vereedegung op http://www.gouvernement.lu
  3. 1 2 (fr) Assermentation aux fonctions de bourgmestre et échevin des communes de Bech, Bettembourg et Esch-sur-Sûre. maint.gouvernement.lu (06.02.2026). Gekuckt den 09.02.2026.
  4. "CSV: Laurent Zeimet neie Generalsekretär." RTL.lu - 10.03.2012, 08:44 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.03.2012, 19:20.
  5. (lb) FOTOEN a VIDEO: CSV-Nationalkongress: De Frank Engel mat 54% neie Parteipresident. www.rtl.lu. Gekuckt de 05.10.2025.
  6. "Juncker geht, Wiseler bleibt." Luxemburger Wort, 1.10.2014, S.2.
  7. (fr) Législatives 2018 – Closener, Hansen, Mutsch, parmi les grands battus. L'essentiel (14.10.2018). Gekuckt de 06.07.2023.
  8. 1 2 (fr) Laurent Zeimet | Paperjam + Delano Business Guide. paperjam.lu. Gekuckt de 06.07.2023.
  9. (fr) Le Quotidien, Laurent Zeimet (CSV) intègre le Conseil d'État. lequotidien.lu (15.03.2022). Gekuckt de 06.07.2023.
  10. "Laurent Zeimet hält als Buergermeeschter op." rtl.lu, 06.01.2026.
  11. Ministère de l’Intérieur - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations.. legilux.public.lu. Gekuckt de 24.02.2024.