Op den Inhalt sprangen

Marc Spautz

Vu Wikipedia
Marc Spautz
Gebuer 10. Abrëll 1963
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée technique privé Émile-Metz,
Lycée Guillaume-Kroll
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei CSV
Fonctioun Gemengeconseiller, Familljen- an Integratiounsminister, Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber, Suppleant vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot
Famill
Papp Jean Spautz
Websäit http://www.marc-spautz.lu

De Marc Spautz, gebuer den 10. Abrëll 1963 zu Esch-Uelzecht[1], ass e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker (CSV). Hien ass zanter dem 11. Dezember 2025 Aarbechtsminister an der Regierung Frieden-Bettel[2].

De Marc Spautz huet am Lycée technique d'Esch-sur-Alzette an am Lycée technique privé Émile Metz eng Ausbildung als Mecanicien gemaach a vun 1978 un an deem Beruff geschafft. 1984-1985 huet hie bei der WSA geschafft, vun 1985-1989 bei der Cegedel. Zu där Zäit huet hie sech gewerkschaftlech engagéiert. 1990-1996 war hie Gewerkschaftssekretär vum LCGB, 1996-1998 Vizegeneralsekretär an 1998-2009 Generalsekretär.[1]

Zanter 1981 ass de Marc Spautz Member vun der CSV. 1994-2013 war hien, an zanter 2017 ass hien nees, am Schëfflenger Gemengerot, 2000-2005, 2011-2013 an nees zanter 2017 als Schäffen[3].

2004 gouf hien eng éischt Kéier an d'Chamber gewielt[1] a bei deene vun 2009, vun 2013, vun 2018[4] a vun 2023[5] erëmgewielt.

Vum 14. November 2009 bis den 10. Mäerz 2012 war hie Generalsekretär vu senger Partei.[6]

Vum Oktober 2011 bis den November 2013 war hie Fraktiounschef vun der CSV an der Chamber, als Nofollger vum verstuerwene Lucien Thiel.[7]

Den 30. Abrëll 2013 huet hie säi Parlamentsmandat néiergeluecht a gouf als neie Minister an der Regierung Juncker-Asselborn II vereedegt, zoustänneg fir Familljen- an Integratiounspolitik, fir Kooperatioun an humanitär Hëllef an d'Bezéiunge mam Parlament, fir déi bis dohin d'Marie-Josée Jacobs, resp. d'Octavie Modert responsabel waren.[8][9] Déi Regierung gouf schonn am Dezember 2013 vun der Regierung Bettel-Schneider ofgeléist.

De Marc Spautz war vu Februar 2014[10] bis Januar 2019[11], President vun der CSV.

Den 11. Dezember 2025 huet hie säi Chambermandat opginn, fir neien Aarbechtsminister an der Regierung Frieden-Bettel ze ginn, nodeems de Georges Mischo vun deem Mandat zeréckgetruede war.[12]

De Marc Spautz ass de Jong vum Jean Spautz.

Virgänger:
Marco Schank
Generalsekretär vun der CSV
2009 - 2012
Nofollger:
Laurent Zeimet

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 (fr) Marc Spautz. www.gouvernement.lu. Gekuckt de 05.10.2025.
  2. (fr) Arrêté grand-ducal du 11 décembre 2025 portant nomination de Monsieur Marc SPAUTZ à la fonction de Ministre. legilux.public.lu (11.12.2025). Gekuckt den 13.12.2025.
  3. (fr) Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. maint.gouvernement.lu (10.07.2023). Gekuckt de 05.10.2025.
  4. (fr) CSV - Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei. elections.public.lu. Gekuckt de 05.10.2025.
  5. (fr) Résultats détaillés - Sud. elections.public.lu. Gekuckt den 10.10.2023.
  6. "CSV: Laurent Zeimet neie Generalsekretär." RTL.lu - 10.03.2012, 08:44 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.03.2012, 19:20.
  7. "Marc Spautz neie Fraktiounspresident bei der CSV." RTL.lu, 11.10.2011, 06:56 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.10.2011, 12:05.
  8. (fr) Remaniement ministériel. www.gouvernement.lu. Gekuckt de 05.10.2025.
  9. "Martine Hansen a Marc Spautz sinn elo offiziell Minister." RTL.lu - 29.04.2013, 18:29 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.04.2013, 14:13.
  10. (lb) CSV-Nationalkongress: Spautz neie Parteipresident, Zeimet bleift Generalsekretär. www.rtl.lu. Gekuckt de 05.10.2025.
  11. (lb) FOTOEN a VIDEO: CSV-Nationalkongress: De Frank Engel mat 54% neie Parteipresident. www.rtl.lu. Gekuckt de 05.10.2025.
  12. [https://www.rtl.lu/news/national/georges-mischo-huet-offiziell-beim-grand-duc-ofgedankt-1651499298 Zwee nei Ministeren am Amt; "Haut ass en Dag vu grousser Freed", sou de Premier Luc Frieden.] rtl.lu, 11.12.2025.
  13. Compte-rendu des séances publiques n°7 - Séance extraordinaire 2013-2014. https://www.chd.lu/. Gekuckt den 03.10.2020.