Marie-Josée Jacobs

Vu Wikipedia
Marie-Josée Jacobs
Gebuer 22. Januar 1950
Maarnech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

D'Marie-Josée Jacobs gebuer den 22. Januar 1950 zu Maarnech, ass eng fréier lëtzebuergesch Politikerin. Si ass zënter Dezember 2013 Presidentin vun der Fondatioun Caritas Lëtzebuerg.[1]

D'Marie-Josée Jacobs ass eng ausgebilt Infirmière-anesthésiste an huet dëse Beruff tëscht 1969 an 1992, wéi se Ministesch gouf, praktizéiert.

Parallel dozou huet se sech politesch a gewerkschaftlech engagéiert. Als Member vum Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond (LCGB) ass si vun 1980 bis 1992 Presidentin vun der Sektioun fir Privatbeamten a vun 1981 bis 1992 Vizepresidentin an där Gewerkschaft gewiescht. Politesch ass se zanter 1967 Member vun der CSV, wou se zäitweileg Presidentin vun de Chrëschtlech-Soziale Fraen, Presidentin vun der Nord-Sektioun a Vizepresidentin vun der Partei war.

1984 gouf d'Marie-Josée Jacobs fir d'éischt an d'Chamber gewielt, wuer se bis 2009 nach mat, all Kéier erëmgewielt gouf. 1987 gouf se Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.

Den 9. Dezember 1992 gouf d'Marie-Josée Jacobs zur Ministesch fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung an Delegéiert Ministesch fir Kultur an der Regierung Santer-Poos II ernannt, e Portefeuille, dee se no de Chamberwale vum 12. Juni 1994 bäibehalen huet. Bei der Regierungsëmbildung am Januar 1995, nodeem de Jacques Santer als President vun der Europäescher Kommissioun op Bréissel gaange war, gouf d'Marie-Josée Jacobs Ministesch fir Familljen, d'Promotioun vun de Fraen an de Mënsche mat Behënnerungen.

Vun 1999 bis 2004 war d'Marie-Josée Jacobs Ministesch fir Familljen, Sozial Solidaritéit a Jugend, a Ministesch fir d'Fërderung vun de Fraen an der Regierung Juncker-Polfer. Duerno, bis 2009, war si Ministesch fir Familljen an Integratioun a Ministesch fir Chancëgläichheet an der Regierung Juncker-Asselborn I. An der Regierung Juncker-Asselborn II, déi den 23. Juli 2009 vereedegt gouf, war si bis zu hirer Demissioun, den 29. Abrëll 2013[2], Ministesch fir Famill, Jugend a Coopératioun.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marie-Josée Jacobs – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Caritas: Marie-Josée Jacobs à la présidence." paperjam.lu, 13.12.2013 11:57,
  2. "Remaniement ministériel." Communiqué vun der Regierung, 27-04-2013 op gouvernement.lu.
  3. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg well de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
  4. Bulletin d'information et de documentation Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg: Les négociations de coalition et la formation du nouveau gouvernement