Maarnech
Maarnech Maarnich | |
---|---|
Maarnech | |
Aussprooch |
|
An anere Sproochen |
fr: Marnach de: Marnach |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Gemeng | Klierf |
Buergermeeschter | Georges Keipes |
Awunner | 752 |
1. Januar 2022 | |
Fläch | 550,01 ha |
Héicht | 519 m |
Koordinaten |
50° 03’ 13’’ N 06° 03’ 42’’ O |
Maarnech (lokal: Maarnich[1]) ass eng Uertschaft an der Gemeng Klierf. Bis Enn 2011 huet se zu der Gemeng Munzen gehéiert, déi du mat Klierf fusionéiert huet.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Maarnech ass eng vun den Uertschaften am Land déi am héchste läit. E groussen Deel vum Flouer läit iwwer 500 Meter, mat der héchster Plaz de Schwaarzenhiwwel mat 544 Meter (véierthéchst Plaz am Land). Fënnef Baachen hunn hir Quell um Territoire vun der Uertschaft: d'Kënzelbaach, d'Grondbaach, d'Spelleschbaach, d'Hatzelbaach an d'Hireschbaach. Déi déifst Plaz vun der Uertschaft ass am Dall vun der Kënzelbaach mat ronn 335 Meter.
Een Deel vun der Uertschaft läit um Gebitt vun der Kadastersektioun vu Rueder, an zwar zwee Haiser op der ëstlecher Säit vun der Marbuergerstrooss, alleguer d'Haiser op der ëstlecher Säit vun der Dosberstrooss tëscht der Marbuergerstrooss an der Schwaarzenhiwwelstrooss, d'Haiser op der ëstlecher Säit vun der Schwaarzenhiwwelstrooss tëscht der Dosberstrooss an der Kräizung mat der Strooss op der Heed, a vun dëser och all d'Haiser op der ëstlecher Säit.
Geschichtleches
[änneren | Quelltext änneren]Maarnech ass wuel déi eenzeg Uertschaft am Lëtzebuerger Land déi als Net-Gemeng e Wopen huet. Se krut dee Wopen duerch en Arrêté grand-ducal vum 27. November 1954. D'Publikatioun war am Mémorial A 62 vum 24. Dezember 1954.
Beschreiwung am Originaltext:
Coupé sapiné d'azur et d'or: au I deux fleurs de genêt en naturel posées en fasce, au II un flambeau allumé au naturel posé en pal.
Cube 521
[änneren | Quelltext änneren]De 17. November 2007 huet de Cube 521 seng Dieren opgemaach. Et ass e Kulturzenter.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]Perséinlechkeete vu Maarnech
[änneren | Quelltext änneren]- Jean Brachmond, lëtzebuergesche Paschtouer a Resistenzler
- Marie-Josée Jacobs, lëtzeburgesch Politikerin
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Nuetsreflekter vu Maarnech
- Mast vun der Nuetsantenn zu Maarnech
- Maste vum Dagsender vu Maarnech
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Maarnech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.