Op den Inhalt sprangen

Cube 521

Vu Wikipedia
Cube 521
Geographesch Donnéeën
Land Lëtzebuerg
Gemeng Clierf
Plaz Maarnech
Adress 1-3, Driicht
Koordinaten 50°3'15,62"N, 6°3'43,24"O
Donnéeë vum Gebai
Datum vum Bau 18. November 2007
Opgaangen 18. November 2007

De Cube 521 ass e Kultur- a Kongresszentrum zu Maarnech, deen den 18. November 2007 seng Dieren opgemaach huet. Den Numm kënnt dohier, well d'Gebai un en Ensembel vu Cuben erënnert an op der NGL-Héicht vu 521 Meter steet. D'Gebai huet follgend Raimlechkeeten:

  • Multifunktionelle Sall mat 302 Plazen
  • Artistelogen
  • 3 Raim fir Konferenzen a Prouwen
  • Foyer mat Garderobe

De Cube gëtt vun der ASBL Cube 521 verwalt. Déi kënschtleresch Directrice ass zanter 2022 d'Christine Keipes.

Aktivitéiten

[änneren | Quelltext änneren]
  • De Cube fir d'Regioun: Musek, Theater, Ausstellungen an Danz ënner engem Daach.
  • D'Regioun am Cube: eng Plattform fir d'kulturell Acteuren aus der Regioun.
  • De jonke Cube: Konschtateliere fir Kanner a jonk Leit.
  • Cube Hors les Murs: De Programm vum Cube geet bei d'Leit, z.B. an d'Schoulen, an d'Altersheemer...
  • Clervaux Castle Summer Music Festival: e spezielle Summerprogramm.
  • De Klenge Maarnicher Festival am Cube: Eng Éiereplaz fir e Pionéier vun der kultureller Entwécklung am Éislek.
  • De Konferenzzenter Cube: Symposiumen, Kongresser, Presentatiounen...

Geschicht vum Gebai

[änneren | Quelltext änneren]
  • Bauhär: Gemeng Munzen;
  • Architekt: Romain Hoffmann – Architectes et Urbanistes sàrl.

De Projet gouf vu follgenden Instanze kofinanzéiert:

Cube 521 ASBL

[änneren | Quelltext änneren]

D'ASBL Cube 521 gouf de 5. Oktober 2006 gegrënnt a krut per Konventioun vum 21. Abrëll 2007 d'Verwaltung vum Gebai vum Bauhär a Besëtzer, der fréierer Gemeng Munzen, iwwerdroen.

Zum Verwaltungsrot vum Veräi gehéieren:

  • Marie-Josée Jacobs, Presidentin
  • Emile Eicher, Vizepresident
  • Romain Kremer, Vizepresident
  • Danielle Schroeder, Sekretärin
  • Marc Lamesch, Tresorier
  • Memberen: Alain Bingen, Romain Braquet, Nico Differding, Georges Glod, Christian Kayser, Flore Schank a Laurent Spithoven.

Illustratiounen

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Cube 521 – Biller, Videoen an Audiodateien