Jonglënster

Vu Wikipedia
Jonglënster
Strooss zu Jonglënster,
am Hannergrond d'Sendetierm vun RTL.
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Junglinster
de: Junglinster
Land Lëtzebuerg
Kanton Gréiwemaacher
Gemeng Jonglënster
Buergermeeschter Bernard Ries (DP)
Awunner 3254[1]
  2018
Koordinaten 49° 42’ 44’’ N
      06° 15’ 08’’ O

Jonglënster, fir d'Awunner Lënster, ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an Haaptuert vun der Gemeng Jonglënster.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Jonglënster läit op enger Héicht vun 304 Meter (bei der Kierch)[2] am Dall vun der Schwaarzer Iernz an ass souwuel am Norde wéi am Süde vun Hiwwelen ëmginn. D'Uertschaft ass och geographesch den Zentrum vun der Gemeng mam nämmlechten Numm. No Süde verleeft d'E29 iwwer Gonnereng a Richtung Stad an nordëstlech geet et iwwer Grolënster a Richtung Iechternach. A westlecher Richtung leie Buerglënster an Allënster an am Norde Guedber.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Territoire vum haitege Jonglënster ass op d'mannst zanter der Réimerzäit bewunnt. Rondrëm de Kiem vun Tréier op Metz goufen am Laf vun der Zäit ëmmer nees souwuel temporär, wéi befestegt Lager opgeriicht. Baulech Iwwerreschter, Haushaltsgéigestänn a Mënzen aus der Zäit vu 96 bis 350 n. Chr. beleeën d'Existenz vun enger réimescher Siidlung zu Lënster.[3] Scho wärend der Réimerzäit, mä virun allem an der fränkescher Period huet sech d'Chrëschtentum an der Regioun ausgebreet a schonn ënner dem Karel de Grousse soll zu Lënster eng Kierch gestanen hunn. Als Par daucht Lënster fir d'éischt am Joer 983 an historeschen Dokumenter op. Déi haiteg Kierch gouf tëscht 1772 a 1774 ënner dem Paschtouer Johann Otto Borrings gebaut.[4] 1847 gouf dat bis dohinn stroossebaulech kaum erschlossent Duerf un d'Streck Lëtzebuerg-Iechternach ugeschloss. 1859 goufen et éischt Pläng fir de Bau vun enger Eisebunnsslinn duerch Jonglënster, déi awer eréischt 1904 mam Bau vun der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Iechternach ëmgesat goufen.[5]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jonglënster – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Websäit vun der Gemeng
  2. Statistikportal vum Staat: https://statistiques.public.lu/stat/TableViewer/tableView.aspx?ReportId=12702&IF_Language=fra&MainTheme=1&FldrName=1
  3. Fanfare Junglinster: Junglinster au fil des siècles, 1968, S. 3
  4. Fanfare Junglinster: Junglinster au fil des siècles, 1968, S. 15-38
  5. Fanfare Junglinster: Junglinster au fil des siècles, 1968, S. 82-90