Europastrooss E29
![]() | |
| |
![]() | |
Land | Däitschland, Lëtzebuerg, Frankräich |
---|---|
Längt | 283 km |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Fandom | Europastrooss E29 |
![]() |
D'Europastrooss E29 ass eng Europastrooss déi vu Köln iwwer Lëtzebuerg op Sarreguemines geet. Si ass 323 Kilometer laang.
Trajet zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]D'E29 kënnt zu Iechternach iwwer d'Sauerbréck op Lëtzebuerg eran (wou se vun der B 257 aus Richtung Iechternacher Bréck hierkënnt). Duerno leeft se 28 km iwwer d'N 11 bis bei den Uschloss Waldhaff an dann iwwer d'Autobunn A7 bis op de Uschloss Gréngewald. No knapps 2 km hält d'A7 op, an d'E29 leeft eng 10 km iwwer de Süd-Ost-Contournement vun der Stad Lëtzebuerg op der A1 virun.
Um Gaasperecher Kräiz fiert d'E29 dann op d'A3 a Richtung Süden, fir dann, no 9 km, um Hellenger Kräiz op d'A13 a Richtung Osten ze goen. No 22 km bei Schengen/Perl op der Musel geet d'E29 iwwer de Viaduc vu Schengen iwwer d'Grenz an Däitschland, wou et iwwer d'A8 virugeet.
Historeschen Trajet
[änneren | Quelltext änneren]Bis 1996 ass d'E29 nach duerch den Zentrum vun der Stad Lëtzebuerg gaangen (Dummeldeng – Eecher Bierg – Boulevard Royal – Nei Bréck – Metzer Plaz - Boulevard d'Avranches – Polvermillen), an eréischt mat der Ouverture vun der Streck Iergäertchen – Kierchbierg vum Stater Contournement gouf hiren Trajet geännert an ass deemools vum Waldhaff iwwer de Sennengerbierg an de Findel bis an den Iergäertche gaangen. Wéi duerno (2002) den Deel vun der Nordstrooss tëscht der N11 an dem Kierchbierg opgoung, ass den Trajet vun der E29 op déi Achs verluecht ginn[1].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Europastrooss E29 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Le besoin de routes étatiques performantes suscité par le réseau 'routes européennes' am Papier stratégique „route2020.lu“ du réseau routier étatique vu Ponts & Chaussées (fir d'lescht gekuckt den 21. August 2019)