Polvermillen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Polvermillen
PULVERMUHLE in WINTER, LU.jpg
An anere Sproochen fr: Pulvermuhl
de: Pulvermühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Blason ville lu Luxembourg-ville.svg Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 361 (31.12.2017)
Fläch 24,82 ha
Koordinaten 49° 36’ 33.1’’ N
06° 09’ 06.2’’ O
Pulvermuhl quarter highlighted.png
D'Polvermillen (blo)
an der Stad Lëtzebuerg (gro)


D'Polvermillen[1] ass e Quartier am Oste vun der Stad Lëtzebuerg.

Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm kënnt vun enger fréierer Millen (1562 dokumentéiert[2]) an där Holzkuele gemuel gouf, déi bei der Fabrikatioun vu Polver gebraucht gouf. Aus engem Akt vu 1668 geet ervir datt do e gewësse Peter Polffer Mëller war, dohier och d'Schreifweis Polffermillen déi een och geleeënlech fënnt. Ëm 1795 goufen do Käre gemuel an ëm 1843 war do d'Kottengsspënnerei Kuborn. 1862 hu Conrot & Lamort eng Tricotsfabréck do bedriwwen an 1876 gouf se vun der Duchfabréck vun de Bridder Quetschlik a Samson Godchaux iwwerholl.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. Januar 1874 (Gesetz vum 20. Dezember 1873[3]) ass aus der Sektioun Polvermillen an der Sektioun Hamm (mat den Uertschaften Hamm, Schläifmillen, Fetschebur, Hammerdällchen, Scheedgronn, Zens an Tawioun[4]), wat bis zu deem Zäitpunkt Sektioune vun der Gemeng Sandweiler waren, d'Gemeng Hamm entstanen. Dës huet hirersäits, zesumme mat de Gemengen Hollerech a Rollengergronn, den 1. Juni 1920 (Gesetz vum 26. Mäerz 1920) mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert.

Awunner[änneren | Quelltext änneren]

2011 hunn op der Polvermillen 330 Leit gewunnt; op den 31.12.2017 waren et der 361. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 31,30 % géintiwwer 68,70 % Auslänner[5].

Polvermillener no Nationalitéit
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 361 100,00%
1 Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg 113 31,30%
2 Flag of Portugal.svg Portugal 82 22,71%
3 Flag of France.svg Frankräich 50 13,85%
4 Flag of Italy.svg Italien 18 4,99%
5 Flag of Romania.svg Rumänien 13 3,60%
6 Flag of Germany.svg Däitschland 11 3,05%
7 Flag of Belgium (civil).svg Belsch 10 2,77%
Flag of Greece.svg Griicheland 7 1,94%
8 Flag of Spain.svg Spuenien 7 1,94%
9 Flag of the United Kingdom.svg Vereenegt Kinnekräich 6 1,66%
10 Flag of the People's Republic of China.svg China 4 1,11%
Flag of Algeria.svg Algerien 4 1,11%
Flag of Ireland.svg Irland 4 1,11%
Flag of Poland.svg Polen 4 1,11%
Flag of Cape Verde.svg Cap Vert 4 1,11%
Top 10 337 93,35%
Aner Nationalitéiten 24 6,65%

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Hoffmann, Hubert: Pulvermühl im Laufe der Zeit, 1963

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Polvermillen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. och an der Schreifweis Pollfermillen ze fannen
  2. Schneider Klaus,Schläifmillen:Geschichte und Gegenwart
  3. Loi du 20 décembre 1873, créant une nouvelle commune du nom de Hamm op legilux.lu (gekuckt den 10. Februar 2018)
  4. Schreifweis am Gesetzestext: "Schleifmuhl, Fetschenbour, Haemmerstellgen, Scheidgrund, Scheidhof, Zens et Tavion"
  5. État de la population 2017 - Statistiques sur la population de la Ville de Luxembourg op vdl.lu, der Websäit vun der Stad Lëtzebuerg (gekuckt den 8. Februar 2018)