Op den Inhalt sprangen

Gemeng Hollerech

Vu Wikipedia
Hollerech
An anere Sproochen fr: Hollerich
de: Hollerich
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Fläch 2 079 ha
Koordinaten 49° 35’ 58’’ N
      06° 06’ 57.3’’ O
Déi al Gemeng Hollerech (ënnen; rout: haiteg Quartiersgrenzen.

D'Gemeng Hollerech war bis 1920 eng eegestänneg Gemeng am Dall vun der Péitruss, um Gebitt vun der haiteger Stad Lëtzebuerg. 1905 war se – hannert der Stad – mat 12.000 Awunner déi zweetgréisst Gemeng am Land[1]. Se bestoung aus follgende Kadastersektiounen:

Gemeng Hollerech
Sektioun Fläch [ha] Geoportail
A – Hollerech 535,8670 Plang
B – Bouneweg Plang
C – Gaasperech 382,0920 Plang
D – Zéisseng 487,1720 Plang
E – Märel Süd 686,8078 Plang
F – Märel Nord Plang
Total Gemeng 2.091,9388 Plang

Mam Gesetz vum 26. Mäerz 1920[2] huet d'Gemeng Hollerech op den 1. Juni 1920, zesumme mat de Gemengen Hamm a Rollengergronn mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hollerech.

Entwécklung vun der Awunnerzuel
1905 1910 1922 2024
Gemeng Hollerech ≈12.000[1] 14.315[3]
Quartier Hollerech, no der Fusioun mat Lëtzebuerg 15.668[3] 7.781[4]

Hollerech-Bouneweg: eng 13. Stad am Land

[änneren | Quelltext änneren]

Mam Gesetz vum 7. Abrëll 1914[5] krut d'Gemengesektioun Hollerech-Bouneweg den Titel „Stad“:

„La qualité de ville est attribuée à la section communale de Hollerich-Bonnevoie. La nouvelle ville portera le nom de Hollerich-Bonnevoie“

Gesetz vum 7.4.1914, article unique

D'Sektioun Hollerech‑Bouneweg bannent der Gemeng Hollerech war deemno tëscht 1914 an 1920 déi 13. Stad vum Land an déi eenzeg, déi net gläichzäiteg eng eegestänneg Gemeng war. Den Titel als Stad fir Hollerech‑Bouneweg ass mat der Gemengefusioun am Joer 1920 nees verschwonnen.

Geschichtlechen Hannergrond

[änneren | Quelltext änneren]

Am Ufank vum 20. Joerhonnert gouf et an der Gemeng Hollerech eng staark urban an demographesch Entwécklung. Ëm 1913 hunn an der Gemeng ronn 15.000 Awunner gewunnt, dovun der eleng 14.000 an de Sektiounen Hollerech a Bouneweg. D'„Stater Gare“, déi deemools op Hollerecher Territoire louch (an als „Bouneweger Gare“ bekannt war), huet staark zur Entwécklung bäigedroen: ronderëm d'Gare ass e richtege Geschäfts- an Industriezentrum entstanen, mat Fabricken a Betriber aus verschiddene Secteuren (z. B. Stolindustrie, Tubaksindustrie, Liewensmëttelproduktioun). Och d'Handwierk, wéi d'Händschefabrikatioun, huet eng grouss Roll gespillt.

Gläichzäiteg gouf vill an d'Infrastruktur investéiert: et goufe Stroossen, Waasser- a Gasleitungen, Kanalisatiounen a Schoule gebaut. D'Géigend hat modern Quartiere mat Haiser, Geschäfter an eng gutt urban Planung. Doduerch huet Hollerech-Bouneweg ëmmer méi de Charakter vun enger Stad kritt an net méi dee vun enger ländlecher Gemeng.

D'Awunner vun dëser urbaner Sektioun hu sech dofir agesat, fir de Status vun enger Stad ze kréien, fir net hannert anere Stied am Land zeréckzefalen. Si hu gefaart, datt hire Prestige an hir Bedeitung ënnerschat géife ginn, well aner, heiansdo méi kleng Uertschafte schonn de Stadtitel haten.

Gesetzlech Grondlag

[änneren | Quelltext änneren]

No laange politesche Prozeduren an Diskussiounen huet d'Chamber 1914 e Gesetz gestëmmt[5], mat deem d'Sektioun Hollerech-Bouneweg de Status vun enger Stad krut. Domat gouf fir eng kuerz Zäit eng aussergewéinlech Situatioun geschaf: Lëtzebuerg hat eng „Stad“, déi keng eege Gemeng war, mee nëmmen en Deel dovun.

Dat feierlecht Iwwerreeche vum Stadtitel war den 28. Juni 1914 am Gemengesall bei der Hollerecher Kierch, ënner dem deemolege Buergermeeschter Pierre-Arthur Daubenfeld.

Allerdéngs war dës Situatioun net vu laanger Dauer. D'Stad Lëtzebuerg hat deemools Problemer mat Iwwerbevëlkerung an engem ze klengen Territoire, iwwerdeems Hollerech vill Plaz hat an doduerch d'Méiglechkeet sech z'entwéckelen. Dofir ass et 1920 zu enger grousser Fusioun komm, bei där d'Stad Lëtzebuerg mat Hollerech an aneren Nopeschgemenge fusionéiert gouf. Doduerch ass Hollerech-Bouneweg en Deel vun der Stad ginn, an hire spezielle Status ass nees verschwonnen.

De Charles Funck hat 1914 en eegene Wope fir déi nei Stad ausgeschafft. Ronderëm dem Roude Léiw an der Mëtt vum Wopen hunn d'Symboler déi véier Haaptaktivitéiten duergestallt: eng Händsch als Symbol fir d'Händschefabrick, en Zännrad an e Kompass fir d'Industrie, en Hummer an eng Zaang fir d'Handwierk an e gefligelt Rad fir d'Eisebunn.

Buergermeeschtere vun Hollerech

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Gemeng Hollerech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 (fr) Ville du quart d'heure, anno 1905. In: d'Lëtzebuerger Land, 69. Jg., nº 01, Digitised by the National Library of Luxembourg S. 14 (07.01.2022). Gekuckt den 22.03.2026.
  2. (fr) Loi du 26 mars 1920, concernant la fusion des communes de Hollerich, Rollingergrund et Hamm avec la ville de Luxembourg. data.legilux.public.lu (26.03.1920). Gekuckt den 22.02.2026.
  3. 1 2 Informatioun vum STATEC, op Nofro iwwer Mail (01.04.2026)
  4. Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2025.
  5. 1 2 (fr) Loi du 7 avril 1914, attribuant la qualification de ville à la section de Hollerich-Bonnevoie. data.legilux.public.lu (07.04.1914). Gekuckt den 22.03.2026.
  6. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844