Op den Inhalt sprangen

Jules Fischer

Vu Wikipedia
Jules Fischer
Gebuer 19. Mee 1852
Gestuerwen 30. Dezember 1914
Alter 62 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Fonctioun Buergermeeschter, Conseiller am Staatsrot, Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber
Famill
Papp Eugène Fischer

De Jules Fischer, gebuer den 19. Mee 1852, a gestuerwen den 30. Dezember 1914 zu Hollerech, war e lëtzebuergeschen Ingenieur[1] a Politiker.

De Jules Fischer huet zu Ooche fir Ingenieur studéiert an dono, vun 1877 bis 1882 op der Rodanger Schmelz, an dono op där vun Ars-sur-Moselle geschafft. An den 1890er Joren huet hien zu Zéisseng eng Schiggerisfabréck opgemaach a bedriwwen. Hie war ausserdeem Direkter vun de Société des Laiteries à Luxembourg a Matgrënner vun de Chemins de fer secondaires luxembourgeois.[2]

Hie gouf den 10. August 1893 als Vertrieder vum Kanton Lëtzebuerg-Land als Deputéierten an d'Chamber gewielt[3]. Hien ass 6 Joer laang Deputéierte bliwwen[4].

Hie war vun 1905 bis 1909 Buergermeeschter vun der Gemeng Hollerech.

Duerno war hie vum 21. Februar 1909 bis zu sengem Doud, Member vum Staatsrot[5].

Zu Hollerech gouf eng Strooss no him genannt.[6]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ Doudesannonce vum Jules Fischer an der Luxemburger Bürgerzeitung vum 2. Januar 1915
  2. ↑ Fischer, Jules op industrie.lu (nogekuckt: 22.10.2025).
  3. ↑ Chronik aus der Hauptstadt an der Ober-Moselzeitung vum 11. August 1893
  4. ↑ Lokales. In: Luxemburger Wort, 1914. Jg., nº 365 (31.12.1914), p. 3 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  5. ↑ Lëscht vun de Mmebere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert den 20.07.2016. Gekuckt den 22.07.2016.
  6. ↑ L-1522
  7. ↑ Memorial N°36 vun 1900 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen