Buergermeeschter

Vu Wikipedia

De Buergermeeschter an de lëtzebuergesche Gemenge gëtt vum Groussherzog ënner de Lëtzebuerger Membere vum Gemengerot fir e Mandat vu sechs Joer ernannt, op Virschlag vun der Majoritéit vun de Membere vum Gemengerot. Dat Mandat ka widderholl ginn. De Buergermeeschter gëtt zu Lëtzebuerg also ni vun de Bierger gewielt, weeder direkt nach indirekt.

De Buergermeeschter spillt am Schäfferot an am Gemengerot vun der Gemeng eng primär Roll. E suergt fir d'Ausféiere vun de Policegesetzer a -reglementer. Dozou zielt och d'Bautereglement. De Buergermeeschter gëtt (oder refuséiert) am Prinzip d'Baugeneemegungen. En iwwerwaacht d'ëffentlech Sécherheet, den ëffentleche Regëster an en ass Officier de l'état civil (Standesbeamten). Déi zivil Hochzäit gëtt virum Buergermeeschter oder sengem Remplaçant gefeiert.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel Gemeng (Lëtzebuerg) an am Artikel Schäfferot

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]