Op den Inhalt sprangen

Michel Flammang

Vu Wikipedia
Michel Flammang
Gebuer 6. Januar 1875
Kierchbierg
Gestuerwen 7. Abrëll 1946
Lëtzebuerg
Alter 71 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Fonctioun Buergermeeschter, Gemengeconseiller
Schëld zu Zéisseng, an Erënnerung un de Michel Flammang, obwuel « Ville de Hollerech » net ganz richteg ass. Hie war Buergermeeschter vun der Gemeng Hollerech, zur där vun 1914 bis 1920 d'Stad Hollerech-Bouneweg dozougezielt huet.

De Michel Flammang, gebuer de 6. Januar 1875 um Kierchbierg, a gestuerwen de 7. Abrëll 1946 an der Stad[1], war e lëtzebuergesche Politiker.

Vun 1919 bis 1920 war hien de leschte Buergermeeschter vun der Gemeng Hollerech, just ier déi mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert huet. Duerno war hie vun 1921 bis 1929 am Gemengerot vun der Stad.

Zu Hollerech gouf eng Strooss no him genannt[2].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Doudesannonce vum Michel Flammang am Tageblatt vum 9. Abrëll 1946 op eluxemburgensia.lu
  2. L-1524.