Hamm (Stad Lëtzebuerg)
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Quartier Hamm vun der Stad Lëtzebuerg. Fir aner Plaze mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Hamm. |
Hamm | |
---|---|
![]() | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Hamm de: Hamm |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Lydie Polfer (DP) |
Awunner | 1.456 (31.12.2017) |
Fläch | 407,62 ha |
Koordinaten |
49° 36’ 18’’ N 06° 09’ 24.1’’ O |
![]() Hamm (blo) an der Stad Lëtzebuerg (gro) | |
Hamm ass e Quartier am Oste vun der Stad Lëtzebuerg. Vun 1874 bis 1920 gouf et och eng Gemeng Hamm.
Geographesches[änneren | Quelltext änneren]
Hamm steet op engem Plateau am Oste vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht dem Hammerdällchen am Norden an dem Uelzechtdall. De Fluchhafe Lëtzebuerg um Findel mécht am Nordosten d'Grenz. Ee vun de gréisste Bëscher vun der Gemeng ass den Hammer Bësch, dee mat sengen 130 ha op der Sandweiler Säit läit. Do ass och den amerikaneschen Zaldotekierfecht ze fannen.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
Den Numm Hamm gouf fir d'éischt am Joer 1238 an engem Akt vun der Gräfin Ermesinde ernimmt.
Gemeng Hamm[änneren | Quelltext änneren]
Den 1. Januar 1874 (Gesetz vum 20. Dezember 1873) ass d'Gemeng Hamm aus der Sektioun Hamm (mat den Uertschaften Hamm, Schläifmillen, Fetschebur[1], Hammerdällchen, Scheedgronn, Zens an Tawioun) an aus der Sektioun Polvermillen, wat bis zu deem Zäitpunkt zwou Sektioune vun der Gemeng Sandweiler waren, entstanen.
De Paul Godchaux (1844 - 1888) gouf éischte Buergermeeschter vun der Gemeng Hamm a war dat vun 1874 bis zu sengem Doud am Joer 1888. Säi Cousin, de Jules Godchaux (1845 - 1917), war duerno vun 1888 bis 1917 Buergermeeschter. Den Émile Godchaux (1864 - 1942) war vun 1917 bis 1918 Buergermeeschter. Hien huet als Buergermeeschter demissionéiert, well hien an d'Chambre de Commerce erakomm ass. Säin Nofollger gouf de Pierre Kohner (1858 - 1927), e Bauer vum Zens.
D'Gemeng Hamm huet den 1. Juni 1920 (Gesetz vum 26. Mäerz 1920), zesumme mat de Gemengen Hollerech a Rollengergronn mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert.
Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]
- 1874 - 1888: Paul Godchaux
- 1888 - 1917: Jules Godchaux
- 1917 - 1918: Émile Godchaux
- 1918 - 1920?: Pierre Kohner
Awunner[änneren | Quelltext änneren]
Demographie iwwer d'Zäit[änneren | Quelltext änneren]
Joer | 1803 | 1890 | 2018 |
Awunnerzuel | 95 | 668 | 1 456 |
Awunner haut[änneren | Quelltext änneren]
Op den 31.12.2017 hunn zu Hamm 1.456 Leit gewunnt. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 43,89 % géintiwwer 56,11 % Auslänner[2].
Rang | Nationalitéit | Awunner | Prozent |
---|---|---|---|
TOTAL | 1 456 | 100,00% | |
1 | ![]() |
639 | 43,89% |
2 | ![]() |
247 | 16,96% |
3 | ![]() |
164 | 11,26% |
4 | ![]() |
63 | 4,33% |
5 | ![]() |
47 | 3,23% |
6 | ![]() |
28 | 1,92% |
7 | ![]() |
27 | 1,85% |
8 | ![]() |
23 | 1,58% |
9 | ![]() |
20 | 1,37% |
10 | ![]() |
12 | 0,82% |
Top 10 | 1 270 | 87,23% | |
Aner Nationalitéiten | 186 | 12,77% |
Veräiner[änneren | Quelltext änneren]
Zu Hamm gëtt et follgend Veräiner
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Marx, Hubert: Leben in Hamm einst und jetzt, ons stad N° 28 / Juli 1988, Stad Lëtzebuerg
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Kierch vun Hamm
- Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm
- Gare Zens-Hamm
- Scheedhaff
- Bemierkenswäert Beem um Scheedhaff:
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Hamm (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Gesëtz iwwer d'Kreatioun vun der Gemeng Hamm Loi du 20 décembre 1873, créant une nouvelle commune du nom de Hamm
- Gesetz iwwer d'Fusioun vun de Gemenge Rollengergronn, Hollerech an Hamm mat der Stad Lëtzebuerg Loi du 26 mars 1920 concernant la fusion des communes de Hollerich, Rollingergrund et Hamm avec la ville de Luxembourg
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ "Fetschebour" an der Lescht vum Institut grand-ducal.
- ↑ État de la population 2017 - Statistiques sur la population de la Ville de Luxembourg vdl.lu, der Websäit vun der Stad Lëtzebuerg (gekuckt den 8. Februar 2018)